13. Mäerz
Ausgesinn
| << | Mäerz | >> | ||||
| Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
| 1 | ||||||
| 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 | 8 |
| 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 15 |
| 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 |
| 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 |
| 30 | 31 | |||||
| 2026 | ||||||
Den 13. Mäerz ass den 72. Dag (73. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1707: Frankräich kapituléiert am Spueneschen Ierffollegkrich a verzicht op seng Uspréch op Italien (ausser Neapel).
- 1881: De russeschen Zar Alexander II. stierft bei engem Attentat, säi Bouf Alexander III. gëtt säin Nofollger.
- 1938: Den Adolf Hitler verkënnegt den Anschluss vun Éisträich un d'Däitscht Räich.
- 1978: Den Aldo Moro gëtt vun de Brigate Rosse ("Roude Brigaden") entfouert.
- 1979: Den Europäescht Wärungssystem (EWS) trëtt a Kraaft.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 1826: Den Däitsche Bond iwwerhëlt d'Festung Lëtzebuerg.
- 1962: D'Lëtzebuerger Bauere kréien duerch en neit Gesetz eng obligatoresch Krankekeess.
Wësssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]- 1781: De Wilhelm Herschel entdeckt mam Uranus de siwente Planéit am Sonnesystem.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1938: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1938, 2:3 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Camille Libar an de Gusty Kemp geschoss.[1]
- 1949: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Charleroi 0:6 géint Belsch.[2]
- 1984: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 1:3 géint Tierkei. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Gilbert Dresch geschoss.[3]
- 1996: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Schwäiz. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Manuel Cardoni geschoss.[4]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- Josef II.
- Giorgos Seferis
- François Valentini
- Georges Urwald
- 1696: Richelieu, Maréchal de France an Ambassadeur.
- 1741: Joseph II., réimesch-däitsche Keeser.
- 1781: Joseph Johann von Littrow, éisträicheschen Astronom.
- 1807: Jacques Sturm, lëtzebuergesche Moler.
- 1835: Jean Bernard Krier, lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen, Deputéierten an Auteur.
- 1855: Percival Lowell, US-amerikaneschen Astronom.
- 1852: Aloyse-André Welter, lëtzebuergeschen Zeitungsredakter a Schrëftsteller.
- 1898: Henry Hathaway, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1900: Giorgos Seferis, griicheschen Diplomat, Schrëftsteller, Nobelpräisdréier.
- 1906: Oscar Nemon, Sculpteur.
- 1910: Joseph Haupert, lëtzebuergesche Politiker.
- 1912: Carl Raddatz, däitsche Schauspiller.
- 1913: Guillermo Haro, mexikaneschen Astronom.
- 1914: Jules Dentzer, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 1925: Gérard Thill, lëtzebuergeschen Auteur an Historiker.
- 1930: Serge Rousseau, franséische Schauspiller.
- 1934: Johny Michely, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1935: René Steichen, lëtzebuergeschen TV-Regisseur, Pionéier vu Videoclippen.
- 1939: Neil Sedaka, US-amerikanesche Sänger a Songschreiwer.
- 1940: Jacqueline Sassard, franséisch Schauspillerin.
- 1943: André Téchiné, franséischen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 1944: Guy Bernardin, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1944: Chris Roberts, däitsche Sänger.
- 1945: Jean Petit, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1946: Jean-Jacques Schartz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1953: François Valentiny, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1959: Luc Ewen, lëtzebuergesche Fotograf.
- 1961: Luc Deitz, lëtzebuergesche Philolog.
- 1967: Pascal Elbé, franséische Schauspiller a Filmregisseur.
- 1971: Georges Urwald, lëtzebuergesche Komponist a Museker.
- 1978: Tessy Weis, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 1981: Patrick Augustin, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 1991: Luan Santana, brasilianesche Komponist a Sänger.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1827: François Roeser, Geschäftsmann a Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
- 1847: Dominique Stoffel, lëtzebuergesche Politiker.
- 1851: Karl Lachmann, däitsche Philolog.
- 1856: Jean-François Gangler, lëtzebuergesche Sprooch-Pionéier.
- 1861: Jean-Baptiste-Henri Funck, lëtzebuergeschen Nottär a Politiker.
- 1881: Alexander II., Zar vu Russland.
- 1888: Jean Engling, lëtzebuergeschen Theolog, Kaploun, Archeolog, Historiker, Numismatiker, Auteur a Pedagog.
- 1900: Catherine Wolfe Bruce, US-amerikanesch Ënnerstëtzerin vun der Astronomie.
- 1901: Benjamin Harrison, 23. President vun den USA.
- 1930: Léon Metzler, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1933: Robert Innes, schotteschen Astronom.
- 1949: Auguste Liesch, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1956: Albert Simon, lëtzebuergesche Cartoonist a Karikaturist.
- 1962: Henri Gengler, lëtzebuergesche Politiker.
- 1977: Nicolas Rausch, lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.
- 1977: Marcel Steffen, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 1979: Harry-Max, franséische Schauspiller.
- 1983: Jean Martinelli, franséische Schauspiller.
- 1987: Bernhard Grzimek, däitschen Déierespezialist.
- 1994: Jean Gourguet, franséische Filmregisseur.
- 1996: Krzysztof Kieslowski, polnesche Filmregisseur.
- 1996: Lucio Fulci, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1997: Fred Zinnemann, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1998: Claudio Gora, italieenesche Schauspiller.
- 2001: Jean Bretonnière, franséische Schauspiller a Sänger.
- 2002: Jacques Jansen, franséische Sänger a Schauspiller.
- 2005: Jason Evers, US-amerikanesche Filmschauspiller.
- 2007: Herbert Fux, éisträichesche Schauspiller a Politiker.
- 2010: Jean Ferrat, franséische Sänger a Museker.
- 2011: Sascha Wagener, lëtzebuergesche Politiker.
- 2012: Michel Duchaussoy, franséische Schauspiller.
- 2012: Ernest Ersfeld, lëtzebuergesche Moler.
- 2013: Rosemarie Fendel, däitsch Schauspillerin a Synchronspriecherin
- 2014: Gérard Lartigau, franséische Schauspiller.
- 2016: Béby Kohl-Thommes, lëtzebuergesch Sopranistin.
- 2022: William Hurt, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2023: Kenzaburō Ōe, japanesche Schrëftsteller.
- 2025: Maria Grazia Spina, italieenesch Schauspillerin.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: 13. Mäerz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 13. Mäerz 1938 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 13. Mäerz 1949 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tierkei den 13. Mäerz 1984 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Lännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 13. Mäerz 1996 op der Websäit vum European Football.info