Georges Urwald

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De Georges Urwald am Januar 2017, Photo: Jang Gaspar

De Georges Urwald, gebuer den 13. Mäerz 1971 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Komponist, Arrangeur, Museker a Musekspedagog. Hien ass zanter 2004 Professer fir éducation musicale am Iechternacher Kolléisch. Nieweberufflech ass hien an enger Rei vu Museksprojeten a -gruppen aktiv.

Formatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Georges Urwald huet op der Musekshéichschoul zu Köln Schulmusik (mat Haaptfach Kierchenuergel) an Jazzinstrumentalpedagogik (Haaptfach Piano), an op der Kölner Universitéit Fachpedagogik studéiert.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1984 bis 2016 war hie Pianist vum Kanner- a Jugendchouer Muselfénkelcher vu Gréiwemaacher, wou hie säin éischte Kontakt mat Begleeden, Arrangéieren an Improviséieren kritt hat. No sengem Auslandsstudium huet hien zu Lëtzebuerg beim Salonorchester Les Salonnards (1997-2005), beim Tangosquintett La Boca (2003-2007), am Ensembel Lettres ronderëm de Liddermécher Michel Clees an als Komponist a Pianist an der Raquel Barreira Acoustic Group gespillt. Tëscht 1998 an 2009 war hie reegelméisseg als Pianist a Komponist vum Lëtzebuerger Jazztrio Garlicks op Festivallen am In- an am Ausland ze héieren. Garlicks bréngt 4 CD-Alben eraus: Mutant Standards (2001), Mosaiamo (2003), Cold Rain (2005), Live at l'inouï (2007)

Säin Duo-Projet mat der Lëtzebuerger Saxophonistin Nadine Kauffmann, an deem klassesch Musek mat Improvisatioun kombinéiert gouf, huet zanter 2004 Quadrivium geheescht. Hir éischt Produktioun war en Hommage un d'Kastraten: Il Canto dell'Usignolo, fir Sopran Saxophon an Cembalo, hir zweet huet de Moler Pieter Brueghel a säin Tableau Déi hollännesch Spréchwierder (1559) mat Baritonsaxofon an Harmonium geéiert.

Am Beräich vu Musekstheaterproduktiounen a Lidder a Lëtzebuerger Sprooch schafft hie mat Lëtzebuerger Auteure wéi Jemp Schuster, Henri Losch, Guy Rewenig a Roland Gelhausen zesummen. 2004 huet hien de Musekstheaterveräin Rhäifränsch an d'Liewe geruff, deen et sech als Zil gesat huet, nieft lëschtege Lëtzebuerger Owenter, nei lëtzebuergeschsproocheg Musekstheaterproduktiounen an Optrag ze ginn a selwer ëmzesetzen. Fir säi Schoulchouer schreift hie 'jugendlech' Lidder a Lëtzebuerger Sprooch, déi bis elo op den CDen Huddel a Fatz (2010), Wëlls de mat mer gon? (2011), DinA4-Kand (2012), iKnëff (2013), Mir hu Paus (2014), Wousst der schonn? (2016) an Ha Ha Ha (2017) erauskomm sinn.

Zanter 2008 féiert hien zu Gréiwemaacher de Privattheater Stued Theater fir Lëtzebuerger Klengkonscht, deen hien am alen Atelier vu sengem Grousspapp, dem Jean-Pierre Urwald ageriicht huet. Aus de Stued Theater-Produktioune gi reegelméisseg nei Opnamen, Programmer an Ensemblen ervir, sou z. B. am Joer 2011 de Gesanksquintett d'Cojellico's Jangen, an deem hie Lëtzebuerger 'Schlager' am Stil vun de 'Comedian Harmonists' arrangéiert a matséngt.

Op pedagogeschem Plang produzéiert hie reegelméisseg fachiwwergräifend, sougenannt 'Wëssens- a Léierlidder' fir déi offiziell Schoulprogrammer, fir den Intressi an d'Memoriséiere beim Schüler ze verstäerken. 2013 huet hie mat der Ënnerstëtzung vum Kultur- an Erzéiungsministère d'didaktisch Heftserie iwwer d'Lëtzebuerger Kultur De Litty fir Grondschoulen a Lycéeën, initiéiert.

An Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerger Schauspiller a Regisseur Dan Tanson ass am Joer 2014 de Kannerprojet De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen entstanen.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Bühnemuseken[änneren | Quelltext änneren]

  • Maacher Fräiheet 2002 fir Solisten, Chouer, Orchester a Rhythmusgrupp (2002)
  • De Beschte Klupp am Land (Text: Jemp Schuster) Koméidisstéck fir Männerchouer an Orchesterchen (2004)
  • Chrëschtdag hautdesdaags (Text: Henri Losch) Chrëschtmusical fir Kannerchouer, 2 Jugendchéier a grousse Sträichorchester mat Perkussioun (2006)
  • Eläuter Fäi Jongen (Text/Regie: Jemp Schuster) Koméidisstéck fir Chouer an Orchesterchen (2007)
  • Ultima Ora (Text: Danielle Hoffelt/Jean-Claude Degrell - Kokompositioun: Jean-Marie Kieffer) Ballad Opera fir Solisten, Chouer, Orchester a Rhythmusgrupp (2009)
  • Schéck en op d'Schëff (Text/Regie: Jemp Schuster) Koméidisstéck fir Solisten, Chouer an Orchesterchen (2010)
  • Mir sinn Tell (Text/Regie: Jemp Schuster) Koméidisstéck fir Solisten, Chouer an Orchesterchen (2013)
  • Recto Verso (Text/Regie: Jemp Schuster) Lidder fir Alt, Bariton a Piano (2014)
  • Ofgeschminkt (Marc Olinger, Jemp Schuster) Suite De leschten Danz fir Bassklarinett a Piano (2014)
  • Oratorium 1815 (Text: Jean-Claude Degrell, Jeff Seyler) Musical fir Solisten, Chouer an Orchester (2014)
  • Schwuppdiwupp (Iddi: Martine Wallenborn) Bühnemusek fir Sopran, Gei, Cello a Perkussioun (2016)
  • E Living an Amerika (Iddi: Yves Bourgnon, Text: Roland Gelhausen, Regie: Jacqueline Posing-Van Dyck) - Musikalesch Satir fir Solisten, Chouer an Orchesterchen (2017)
  • Parterrewohnung - Ein Auftragsmonodrama (Text: Michel Clees) (2018)

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

  • true entbeut (fir Sopransaxophon an Tounband) (2004)
  • Schöpfungen (in 5 Teilen) (Text: Klaj, Goethe, Schiller, Meyer) fir Jazztrio, Gesang a 4 Instrumentalsolisten (2007)
  • Curriculart fir Jazztrio, Poesie, Danz a Film (op eng Billerserie vum Marie-Pierre Trauden) (2008)
  • Banda Limbo (Text: Guy Rewenig) Jazzlidder fir Kanner fir Kanner-, Jugend- an Erwuessenechouer mat Jazztrio (2008)
  • Fantaisie pour 5 anciens sur les thèmes de la 'Eechternoacher Sprangprëssessiunn' (fir Klarinett, Querflütt, Tenorsaxophon, Cello a Piano) (2012)

Lidder[änneren | Quelltext änneren]

  • Den Trampels Jeff (Rewenig/Urwald)
  • Georgely, Georgely, Dréi!
  • Maacher lieft!
  • O Joffer, Dir hutt eng kleng Rutsch an Ärer Strëmp (Streff/Urwald)
  • Den Zockerféngerchen (Streff/Urwald)
  • De Mullebutz op Séi
  • Wat Bréissel ass fir d'Belsch
  • Krëschtgedanken (Ney/Urwald)
  • Tausend Jahr'
  • Es lebe die Freiheit, es lebe der Wein

Filmmusek[änneren | Quelltext änneren]

  • Belle Epoque (Andy Bausch, 2011)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]