Rhäifränsch

Vu Wikipedia

Rhäifränsch Asbl ass e Musekstheaterveräin, deen den 21. Januar 2004 zu Gréiwemaacher gegrënnt gouf an deen nei lëtzebuergeschsproocheg Musekstheaterproduktiounen a Commande gëtt, organiséiert an opféiert.

D'Rhäifränsch vertrëtt de Genre vum traditionelle "Kaméidistéck wéi virun honnert Joer": eng lëschteg Geschicht aus dem Alldag déi dem Vollek gär op de Mond kuckt, eng Musek déi zougänglech, usprochsvoll an zäitlos wëll sinn, eng Dose Sänger a Schauspiller (d'Elblinger) an e klenge Bistrosorchester an at Ganzt an engem ureg-heemelege Raum viru ronn honnert Nolauschterer a -kuckerten.

Tëscht hiren neie Kaméidisstécker fleegt d'Rhäifränsch d'Musek vu Poutty Stein a Konsorten oder produzéiert nei Museksstécker fir bestëmmt Geleeënheete wéi z. B. den CD Den Tour bleift eisen! fir den Tour de France 2009.

Als Logo gëtt sech d'Rhäifränsch den Dréiuergelsspiller Georgely (Georges Weyer, 1848-1924) vu Gréiwemaacher. Hien huet do gespillt, wou "eppes lass war": op der Fouer, um Oktav-Mäertchen, op Kiermessen.

"Rhäifränsch" ass eng fréier Bezeechnung fir den Elbling.

An hiren alljärleche Generalversammlunge vergëtt d'Rhäifränsch geleeëntlech e "gëllene Georgely" u Leit, Firmen oder Veräiner, déi hir op eng besonnesch Aart a Weis opgefall sinn. Dee Präis däerf een net ze eescht huelen, et soll een awer houfreg sinn, wann een e kritt.

Produktiounen[änneren | Quelltext änneren]

Koméidisstécker:

  • De Beschte Klupp am Land (2004) (Jemp Schuster/Georges Urwald)
  • Elauter Fäi Jongen (2007) (Jemp Schuster/Georges Urwald)
  • Schéck en op d'Schëff (2010) (Jemp Schuster/Georges Urwald)
  • Mir sinn Tell (2013) (Jemp Schuster/Georges Urwald)

CD:

  • Den Tour bleift eisen (2009)
  • Schlüpferesch - Hommage un di Wëll Zwanzeger (2013)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]