Oktav-Mäertchen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De Mäertchen um Knuedler

De Mäertchen oder Oktav-Mäertchen ass e Joermaart vu 16 Deeg, deen all Joer während der Muttergottesoktav um Knuedler a bei der Gëlle Fra an der Stad Lëtzebuerg organiséiert gëtt. Am Ufank war de Mäertche geduecht, fir datt jiddwereen, dee gepilgert ass, sech do no der Rees stäerken konnt an och an deem Ament an der Stad akafen konnt. Vill Leit koumen nämlech nëmmen eemol am Joer bis an d'Stad an dat war fir bei d'Tréischterin am Leed ze pilgeren.

Geschichtlech Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem Joer 1625 gouf et um Glacis, an der Géigend vun der Neipuertskapell e Mäertchen, op deem d'Pilger Hellegebiller, Medailen oder soss Devotionalien kafe konnte fir mat heem ze huelen. Am Joer 1639 gouf dee Mäertchen an d'Géigend vun der Jesuitekierch, der haiteger Kathedral, verluecht. Iwwer d'Joren huet deen Devotionaliemaart sech zu engem Volleksmaart entwéckelt.

Wéi de Knuedler an de Joren 1830-1833 zu enger Maartplaz nei ëmgebaut gouf, war dat och eng ideal Plaz fir den Oktav-Mäertchen. Vun 1842 un, ënner dem Apostolesche Vikar Jean-Théodore Laurent, erlieft d'Muttergottesoktav, no enger Zäit vu politeschen Onrouen (bedéngt duerch déi Franséisch a Belsch Revolutiounen) e neien Opschwong an domat och den Oktav-Mäertchen. Den Handel mat Devotionalie fënnt am 19. Joerhonnert en Héichpunkt.

Haut sinn eng ronn 80 verschidde Stänn um Mäertchen vertrueden an et sti méi Fritten-, Spill- an aner Buden do, wéi richteg Maartleit. Net all Visiteure sinn och Pilger. An dach bleift de Mäertchen enk mat der Oktav verbonnen.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Gantenbein Michèle, Den Oktavmäertchen um Knuedeler, in: Luxemburger Wort, 3. Mee 2010, S. 29

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Oktavmäertchen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]