Op den Inhalt sprangen

Tour de France 2009

Vu Wikipedia
Tour de France 2009
Detailer
Course96. Tour de France
KompetitiounUCI World Calendar 2009
Etappen21
Datumer4. – 26. Juli 2009
Distanz3.459,5 km
LännerFRA Frankräich
MON Monaco
ESP Spuenien
AND Andorra
SUI Schwäiz
ITA Italien
DepartMonaco
ArrivéeParäis
Ekippen20
Um Depart180
Ukomm156
Vitess (Moyenne)40,315 km/h
Palmarès
GewënnerESP Alberto Contador (Astana)
ZweetenLUX Andy Schleck (Saxo Bank)
DrëttenGBR Bradley Wiggins (Garmin-Slipstream)
Beschte SprinterNOR Thor Hushovd (Cervélo TestTeam)
BiergpräisESP Egoi Martínez (Euskaltel-Euskadi)
Beschte JonkenLUX Andy Schleck (Saxo Bank)
KombativitéitITA Franco Pellizotti (Liquigas)
EquipeKAZ Astana
20082010
Dokumentatioun

Déi 96. Editioun vum Tour de France gouf 2009 vum 4. bis de 26. Juli gefuer. D'Course hat eng total Distanz vun 3.459 Kilometer a si gouf vum Spuenier Alberto Contador virum Andy Schleck a sengem Coequipier bei Astana, dem Lance Armstrong gewonnen. Domat konnt hie säin zweeten Tour, nom Tour vun 2007 op säi Palmarès schreiwen. De brittesche Sprinter Mark Cavendish huet 6 Etappe gewonnen an den Norweger Thor Hushovd huet d'Punkteklassement fir de gréngen Trikot gewonnen. Den Italieener Franco Pellizotti huet sech de getëppelten Trikot vum Biergklassement ënner den Nol gerappt, a krut de Präis vum Super combatif.

Déi éischt Etapp war en Eenzelzäitfueren, dat op engem Deel vum Formel 1 - Circuit vu Monaco gefuer gouf.

An der éischter Woch huet d'Streck laanscht d'Mëttelmierküst gefouert, an ass zu engem Deel iwwer d'Route du bord de mer (Alpes-Maritimes) gelaf. An där Woch war en Ekippenzäitfueren, zu Montpellier an eng Etapp a Spuenien tëscht Gerona a Barcelona.

Duerno koumen dräi Etappen an de Pyrenäen, fir d'éischt a Spuenien an an Andorra mat Arrivée zu Arcalis, duerno a Frankräich. No deene Biergetappe war Roudag zu Limoges.

Duerno goung et a véier Etappen an Direktioun Elsass a Vogesen, mat enger Biergetapp tëscht Vittel a Colamar mat dräi Colle vun ëm déi dausent Meter. Duerch de Jura goung et du weider an d'Schwäiz mat enger Arrivée zu Verbier.

Nom zweete Roudag koumen zwou Alpenetappen an en Eenzelzäitfueren zu Annecy. Déi lescht Biergetapp, den Dag virun der Arrivée op de Champs-Élysées zu Paräis, huet iwwer de Mont Ventoux geféiert.

D'Streck huet duerch sechs Länner geféiert, Monaco, Frankräich, Spuenien, Andorra, Schwäiz an Italien. Op dem Deel an Italie war keng Etappestad virgesinn, et gouf just op der 16. Etappe tëscht dem Grousse Sankt-Bernard an dem Klenge Sankt-Bernard derduerch gefuer.

Schleck, Armstrong a Contador fueren de Mont Ventoux erop.
EtappDatumEtappestiedtypeLängt (km)GewënnerGeneral­klassement
1. Etapp 4. Jul.MON MonacoMON Monaco
Contre-la-montre (Eenzel)
Contre-la-montre (Eenzel)
15SUI Fabian CancellaraSUI Fabian Cancellara
2. Etapp 5. Jul.MON Monaco – Brignoles
Flaach Etapp
Flaach Etapp
182GBR Mark CavendishSUI Fabian Cancellara
3. Etapp 6. Jul.Marseille – La Grande-Motte
Flaach Etapp
Flaach Etapp
196GBR Mark CavendishSUI Fabian Cancellara
4. Etapp 7. Jul.MontpellierMontpellier
Contre-la-montre (Ekipp)
Contre-la-montre (Ekipp)
38KAZ AstanaSUI Fabian Cancellara
5. Etapp 8. Jul.Cap d'Agde – Perpignan
Flaach Etapp
Flaach Etapp
197FRA Thomas VoecklerSUI Fabian Cancellara
6. Etapp 9. Jul.ESP Girona – ESP Barcelona
Flaach Etapp
Flaach Etapp
175NOR Thor HushovdSUI Fabian Cancellara
7. Etapp 10. Jul.ESP BarcelonaAND Ordino-Arcalís
Biergetapp
Biergetapp
224FRA Brice FeilluITA Rinaldo Nocentini
8. Etapp 11. Jul.AND Andorra la Vella – Saint-Girons
Biergetapp
Biergetapp
176ESP Luis León SánchezITA Rinaldo Nocentini
9. Etapp 12. Jul.Saint-Gaudens – Tarbes
Biergetapp
Biergetapp
160FRA Pierrick FédrigoITA Rinaldo Nocentini
10. Etapp 14. Jul.LimogesIssoudun
Flaach Etapp
Flaach Etapp
193GBR Mark CavendishITA Rinaldo Nocentini
11. Etapp 15. Jul.Vatan – Saint-Fargeau
Flaach Etapp
Flaach Etapp
192GBR Mark CavendishITA Rinaldo Nocentini
12. Etapp 16. Jul.Tonnerre – Vittel
Flaach Etapp
Flaach Etapp
211,5DEN Nicki SørensenITA Rinaldo Nocentini
13. Etapp 17. Jul.Vittel – Colmar
Mëttelschwéier Etapp
Mëttelschwéier Etapp
200GER Heinrich HausslerITA Rinaldo Nocentini
14. Etapp 18. Jul.ColmarBesançon
Flaach Etapp
Flaach Etapp
199RUS Sergei IwanowITA Rinaldo Nocentini
15. Etapp 19. Jul.Pontarlier – SUI Verbier
Biergetapp
Biergetapp
207,5ESP Alberto ContadorESP Alberto Contador
16. Etapp 21. Jul.SUI Martigny – Bourg Saint Maurice
Biergetapp
Biergetapp
160ESP Mikel Astarloza
FRA Sandy Casar
ESP Alberto Contador
17. Etapp 22. Jul.Bourg Saint Maurice – Le Grand-Bornand
Biergetapp
Biergetapp
169LUX Fränk SchleckESP Alberto Contador
18. Etapp 23. Jul.Annecy – Annecy
Contre-la-montre (Eenzel)
Contre-la-montre (Eenzel)
40ESP Alberto ContadorESP Alberto Contador
19. Etapp 24. Jul.Bourgoin-Jallieu – Aubenas
Flaach Etapp
Flaach Etapp
178GBR Mark CavendishESP Alberto Contador
20. Etapp 25. Jul.Montélimar – Mont Ventoux
Biergetapp
Biergetapp
167ESP Juan Manuel GárateESP Alberto Contador
21. Etapp 26. Jul.Montereau-Fault-Yonne – Avenue des Champs-Élysées
Flaach Etapp
Flaach Etapp
160GBR Mark CavendishESP Alberto Contador
ProTeams (17)
  • FRA AG2R La Mondiale
  • KAZ Astana
  • FRA BBox Bouygues Telecom
  • ESP Caisse d'Épargne
  • FRA Cofidis, le Crédit en Ligne
  • ESP Euskaltel-Euskadi
  • FRA La Française des jeux
  • USA Garmin-Slipstream
  • ITA Lampre-NGC
  • ITA Liquigas
  • BEL Quick Step
  • NED Rabobank
  • BEL Silence-Lotto
  • USA Columbia-HTC
  • RUS Katusha
  • GER Team Milram
  • DEN Saxo Bank
Professionell Kontinentalekippen (3)
  • FRA Agritubel
  • SUI Cervélo TestTeam
  • NED Skil-Shimano

Generalklassement

[änneren | Quelltext änneren]
Generalklassement
CoureurLandEkippZäit
1. Alberto Contador Maillot jauneESP SpuenienAstana85 h 48 min 35 s
2. Andy Schleck LUX LëtzebuergSaxo Bank+ 4 min 11 s
3. Lance Armstrong USA USAAstanaDSQ
3. Bradley Wiggins GBR GroussbritannienGarmin-Slipstream+ 6 min 01 s
4. Fränk Schleck LUX LëtzebuergSaxo Bank+ 6 min 04 s
5. Andreas Klöden GER DäitschlandAstana+ 6 min 42 s
6. Vincenzo Nibali ITA ItalienLiquigas+ 7 min 35 s
7. Christian Vandevelde USA USAGarmin-Slipstream+ 12 min 04 s
8. Roman Kreuziger CZE TchechienLiquigas+ 14 min 16 s
9. Christophe Le Mével FRA FrankräichLa Française des jeux+ 14 min 25 s
10. Mikel Astarloza ESP SpuenienEuskaltel-EuskadiDSQ
10. Sandy Casar FRA FrankräichLa Française des jeux+ 17 min 19 s
11. Wladimir Karpez RUS RusslandKatusha+ 18 min 34 s
12. Rinaldo Nocentini ITA ItalienAG2R La Mondiale+ 20 min 45 s
13. Jurgen Van Den Broeck BEL BelschSilence-Lotto+ 20 min 50 s
14. Stéphane Goubert FRA FrankräichAG2R La Mondiale+ 22 min 29 s
15. Carlos Sastre ESP SpuenienCervélo TestTeam+ 26 min 21 s
16. Alexander Bocharov RUS RusslandKatusha+ 29 min 33 s
17. George Hincapie USA USAColumbia-HTC+ 33 min 27 s
18. Sylvain Chavanel FRA FrankräichQuick Step+ 34 min 09 s
19. Christian Knees GER DäitschlandTeam Milram+ 34 min 48 s
20. Pierre Rolland FRA FrankräichBBox Bouygues Telecom+ 37 min 44 s
Source: ProCyclingStats




Tour de France
1903 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 | 32 | 33 | 34 | 35 | 36 | 37 | 38 | 39 | 47 | 48 | 49 | 50 | 51 | 52 | 53 | 54 | 55 | 56 | 57 | 58 | 59 | 60 | 61 | 62 | 63 | 64 | 65 | 66 | 67 | 68 | 69 | 70 | 71 | 72 | 73 | 74 | 75 | 76 | 77 | 78 | 79 | 80 | 81 | 82 | 83 | 84 | 85 | 86 | 87 | 88 | 89 | 90 | 91 | 92 | 93 | 94 | 95 | 96 | 97 | 98 | 99 | 2000 | 01 | 02 | 03 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26
 Commons: Tour de France 2009 – Biller, Videoen oder Audiodateien