Fränk Schleck

Vu Wikipedia
Fränk Schleck
National Meeschterschaft 2007: De Fränk Schleck uewen um Keeler Poteau
Gebuer 15. Abrëll 1980
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler
Positioun oder
Spezialitéit
Grimpeur
Gréisst 186 Zentimeter
Gewiicht 64 kg
Veräin/Ekipp Trek-Segafredo,
Saxo Bank-Sungard,
Saxo Bank-Sungard,
De Nardi-Pasta Montegrappa,
Trek-Segafredo
Famill
Papp Johny Schleck
Geschwëster Andy Schleck
De Fränk Schleck (l.) mat engem jonke Fan

De Fränk Schleck, gebuer de 15. Abrëll 1980 zu Lëtzebuerg ass e lëtzebuergesche Vëlossportler.

Hien ass de Jong vum Johny Schleck, de Brudder vum Andy Schleck an en Enkel vum Auguste Schleck.

De 16. Abrëll 2006 huet de Fränk Schleck als éischte Lëtzebuerger den Amstel Gold Race gewonnen.

Den 18. Juli 2006, 40 Joer nodeem den Edy Schütz d'Alpenetapp Ivrea - Chamonix gewonnen hat, huet de Fränk Schleck d'Kinneksetapp vum Tour vu Gap op L'Alpe d'Huez gewonnen.

Am Tour de Suisse 2007 huet de Fränk Schleck den 19. Juni d'Biergetapp vun Nauders an Éisträich op Triesenberg-Malbun am Liechtenstein gewonnen. Eng 7 km virun der Arrivée, an der Montée am Bierg fir op Malbun, hat de Fränk Schleck déi decisiv Attack gemaach a konnt sech definitiv vun der Spëtzegrupp léisen. Op der Arrivée hat hien e Virsprong vun 32 Sekonnen op den zweetplacéierte Vladimir Efemkin. Nom Marcel Ernzer am Joer 1955, dee sech an der Etapp vu Bad Ragaz op Luzern duerchgesat hat, gëtt domat no 52 Joer erëm eng Etapp vun engem lëtzebuergesche Coureur am Tour de Suisse gewonnen.

2009 huet de Fränk Schleck als éischte Lëtzebuerger nom Lucien Didier am Joer 1983 den Tour de Luxembourg gewonnen.

2010 huet hie fir déi zweet Kéier a senger Carrière eng Etapp am Tour de Suisse gewonnen, an zwar déi 3. Etapp vu Sierre op Schwarzenburg. Zum Schluss stoung hien dunn och ganz uewen um Podium an huet als éischte Lëtzebuerger den Tour de Suisse gewonnen.

Zanter der Saison 2011 fiert de Fränk Schleck, wéi och säi Brudder Andy, am neigegrënnten Team Leopard Trek (Enn 2011 ëmbenannt a RadioShack-Nissan-Trek, 2013 a Radioshack Leopard Trek).

De 14. Juli 2012, no der Etapp vum Tour de France, gouf de Fränk Schleck positiv op Xipamid, en Diuretikum[1], getest. Wéi d'Resultat vum Test matgedeelt gouf, huet RadioShack-Nissan-Trek hien de 17. Juli aus der Course geholl.[2] Och d'B-Prouf war, wéi den 20. Juli 2012 gemellt gouf, positiv.[3] Den 30. Januar 2013 huet d'Agence Luxembourgeoise Anti Dopage (ALAD) de Fränk Schleck fir ee Joer gespaart, an dat réckwierkend vum 14. Juli 2012 un[4].

Kuerz ier d'Spär ofgelaf war, huet Radioshack Leopard Trek matgedeelt, dowéinst de Fränk Schleck aus hirer Ekipp z'entloossen.[5]

Beim Tour de France 2014 gouf de Frank Schleck 12. am Generalklassement.

Nodeems e beim Léck-Baaschtnech-Léck 2015 gefall war, konnt hien dat Joer net beim Tour de France matmaachen. Hien huet awer eng Biergetapp bei der Vuelta a España 2015 gewonnen.

2016 war hien um Depart vun den Olympesche Summerspiller zu Rio, a gouf do 20. Hien huet kuerz dono ugekënnegt, um Enn vun der Saison seng Carrière op en Enn ze bréngen.[6]

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

2000[änneren | Quelltext änneren]

2001[änneren | Quelltext änneren]

2002[änneren | Quelltext änneren]

2003[änneren | Quelltext änneren]

2004 (Team C.S.C.)[änneren | Quelltext änneren]

2005 (Team C.S.C.)[änneren | Quelltext änneren]

2006 (Team C.S.C.)[änneren | Quelltext änneren]

2007 (Team C.S.C.)[änneren | Quelltext änneren]

2008 (Team C.S.C.)[änneren | Quelltext änneren]

2009[änneren | Quelltext änneren]

2010[änneren | Quelltext änneren]

2011[änneren | Quelltext änneren]

2012-2014[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


2015[änneren | Quelltext änneren]

  • 14. Trofeo Andratx
  • 9. Trofeo Serra de Tramuntana
  • 17. Tour de Murcie
  • 30. Classic d'Alméria
  • 81. Classica Corsica
  • 20. Critérium international
  • 57. Tour du Pays-Basque
  • 56. Amstel Gold Race
  • 58. Flèche wallonne
  • 25. Tour de Norvège
  • 51. GP du Canton d'Argovie
  • 4. Tour of Utah

2016[änneren | Quelltext änneren]

Virdrun   Sportler vum Joer   Duerno
Kim Kirchen 2006 Kim Kirchen


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fränk Schleck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. De Xipamid huet keen Afloss op d'sportlech Leeschtung. E gëtt wéi aner Diuretika benotzt fir Doppingsubstanzen ze maskéieren.
  2. Luxemburger Wort vum 18. Juli 2012, S. 1 a S. 31-32.
  3. Luxemburger Wort vum 21. Juli 2012, S. 43.
  4. Décision du Conseil de Discipline contre le Dopage Gearchiveerd op 2013-02-28. Gekuckt de(n) 2013-03-07.
  5. "Cyclissem: Fränk Schleck wéinst Faute grave entlooss." RTL.lu - 04.07.2013, 17:49 | Fir d'lescht aktualiséiert: 05.07.2013, 09:45.
  6. "Fränk Schleck annoncéiert Enn vu senger Carrière." rtl.lu, Leschten Update: 07.08.2016, 11:02:44.