Plumelec

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Plumelec
Land Frankräich
Regioun Bretagne
Departement Morbihan
Arrondissement Pontivy
Kanton Moréac
Postcode 56420
Gemengecode 56172
Koordinaten 47° 50’ 19’’ N
      02° 38’ 22’’ W
Fläch  5 836 ha
Bevëlkerung  2 337 (1999)

Plumelec ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Morbihan, an der Bretagne.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Zweete Weltkrich war en Trupp Männer vum SAS, ënner dem Kommando vum Läitnant Marienne, déi d'Operatioun Dingson sollte virbereeden, iertemlecherweis bei Plumelec parachutéiert ginn. Si sinn eng ronn 800 Meter vun der Mille mam Numm Moulin de la Grée gelant, wou en däitschen Observatiounsposte war. An der Schéisserei déi entstanen ass gouf de Kaperol Bouetard erschoss. Hie war den éischten Doudege vun der Operatioun Overlord.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Schlass vu Callac aus dem 15. Joerhonnert
  • De Manoir de la Saudraie
  • De Manoir de Kerangat
  • De Manoir de Cadoudal
  • D'Monument vu Kerihuel dat un de Massaker vum 12. Juli 1944 erënnert.

Plumelec am Sport[änneren | Quelltext änneren]

An de Joren 1982, 1985, 1997 an 2008 war zu Plumelec eng Etappenarrivée vum Tour de France.

Kuckt och[Quelltext änneren]