Signy-le-Petit

Vu Wikipedia
Signy-le-Petit
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Ardennes
Arrondissement Charleville-Mézières
Kanton Rocroi
Postcode 08150
Gemengecode 08361
Koordinaten 49° 50’ 25’’ N
      04° 36’ 10’’ O
Fläch  1.618 ha
Bevëlkerung  1.437 (1999)

Signy-le-Petit ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Ardennes an der Grand Est.

Wéi 2011 de Parc naturel régional des Ardennes entstanen ass, war Signy-le-Petit eng vun de Grënnungsgemengen.

Bis 1969 war Signy un d'Eisebunnsnetz ugeschloss mat enger Gare op der Streck Charleville-Hirson.

Hydrographie[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Fëscherei an aner Fräizäitaktivitéite garantéieren dräi grouss Weiern. Et si kënschtlech Weieren déi am 18. an am 19. Joerhonnert als Waasserreseve fir d'Eisenindustrie ugeluecht goufen.

  • Den Étang de la Vieille Forge mat enger Fläch vu 6 ha war 1550 ugeluecht ginn, zur selwechter Zäit wéi e gewëssen N. Lécuyer d'Konzessioun krut fir en Héichuewen opzeriichten. D'Schmëdd huet bis 1883 geschafft. D'Himmer kann en haut an der Entrée vum Schlass gesinn.
  • De Étang de La Motte ass dee Weier deen am beschten z'erreechen ass. Dofir gouf do eng Plage amenagéiert an e klenge Fräizäitzentrum ageriicht. E war ugeluecht gi fir eng Schmëdd mat Energie ze beliwweren, déi den Här vu Signy do 1601 ogeriicht hat. 1636 war déi grad sou wéi d'Kierch vun de Spuenier zerstéiert ginn. De Weier huet den Numm vun enger Motte net wäit dovun ewech, déi ënner dem Numm Butte du Renard bekannt ass.
  • Den Étang de Gland am iweschte Laf vum Gland ass en aacht Hektar grousse Weier deen tëscht de Bëscher op der Grenz mat der Nopeschgemeng Neuville-lez-Beualieu läit.
  • La Petite Eau oder villméi de Canal de la Petite Eau ass e Kanal dee säin Ufank beim Étang de Gland huet, mam Zweck fir en Deel vum Waasser vum Gland an den Dall vu Signy ze kéiere fir do d'Millen an d'Schmëdd ze beliwweren. Duerno leeft se ënner dem Numm Ruisseau de la Petite Eau aus Signy eraus fir bei Any an de Petit Gland ze lafen. De Kanal gëtt fir d'éischt 1180 am Inventaire vun der Abtei Saint Nicaise vu Reims ernimmt. Géint 1650 sollen d'Spuenier en erëm an d'Rei gesat hunn fir den Héichuewe bei Signy ze beliwweren. En ass ronn 4,5 km laang.
  • De Gland deen am Étang de Gland op den Territoire vun der Gemeng kënnt, leeft op enger Längt vu ronn 5 km queesch vun Osten no Westen derduerch a fiddert all d'Weiere vu Signy. E leeft riets laanscht d'Uertschaft, fir vum Étang de la Vieille Forge un d'Grenz mat der Gemeng Brognon ze maachen, fir dann net wäit vum Moulin Véron definitiv den Territoire vun der Gemeng ze verloossen.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Kierch Saint-Nicolas zanter 1926 als Monument national klasséiert.
  • D'Pierre de la Vierge, e grousse Quarzitblock a Form vun engem Dësch, am Dall vum Gland, nieft dem ale Wee vu Signy op Brognon.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Signy-le-Petit – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[Quelltext änneren]