Rocroi

Vu Wikipedia
Rocroi
Rocroi aus der Loft gesinn

Rocroi aus der Loft gesinn
Rocroi aus der Loft gesinn
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Ardennes
Arrondissement Charleville-Mézières
Kanton Rocroi
Postcode 08230
Gemengecode 08367
Koordinaten 49° 55’ 34’’ N
      04° 31’ 20’’ O
Fläch  5.041 ha
Bevëlkerung  2.442 (2008)
Rocroi, 1643.

Rocroi ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Ardennes am Grand Est an de Kantonalhaaptuert vum Kanton Rocroi. Bis 1926 war et och de Sëtz vun der Ënnerprefecture Rocroi. An der Geschicht ass Rocroi haaptsächlech bekannt duerch d'Schluecht vum 19. Mee 1643. Haut ass et eng gutt besicht Touristestiedche wéinst den ale Vaubansbefestegungen, déi zum sougenannte Pré carré gehéiert hunn.

Wéi 2011 de Parc naturel régional des Ardennes entstanen ass, war Rocroi eng vun de Grënnungsgemengen.

Tëscht 1895 an 1950 war Rocroi mat enger Schmuelspuerbunn un d'Eisebunnsnetz ugeschloss. Am Ufank huet se an der 800 mm-Spuer vun Tremblois-lès-Rocroi bis op Rocroi gefouert huet, a gouf duerno 1903 op d'Meterspur ëmgebaut, an 1905 bis op d'belsch Grenz ausgebaut wou se zu Petite-Chapelle en Uschloss un de belsche Vicinalreseau hat.

Vun 1953 bis 1976 war d'Andrée Viénot, d'Duechter vun der Aline an Emile Mayrisch, Buergermeeschtesch vu Rocroi.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rocroi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[Quelltext änneren]