Edy Schütz

Vu Wikipedia
Edy Schütz
Gebuer 15. Mee 1941
Téiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler

Den Edy Schütz, gebuer de 15. Mee 1941 zu Téiteng, ass e lëtzebuergesche Vëlossportler.[1]

1964 hat hien, 11 Joer nom Francis Gelhausen, als zweete Lëtzebuerger d'Österreich-Rundfahrt gewonnen. Am Generalklassement hat hien eng Minutt a 55 Sekonne Virspronk op de Johny Schleck.

Am Tour de France 1966 hat hien d'Etapp vun Ivrea op Chamonix iwwer 188 km gewonnen.

Den Edy war sechsmol am Tour de France mat dobäi an zwar 1966 (Plaz 34), 1967, 1968, 1969 (Plaz 15), 1970 (Plaz 38), 1971 (Plaz 56 (oder 55?)).

1972 hat hien d'Vëlosgeschäft vu sengem verstuerwene Schwéierpapp Jacques Majerus zu Diddeleng iwwerholl.

Hien hat ënner anerem als gudde Frënd de Josy Liberatore och e lëtzebuergesche Coureur bekannt als de Bibi, deen him am Atelier gehollef huet.

Zanter 1963 lieft den Edy Schütz mat senger Fra Maisy Majerus zu Diddeleng.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

1962[änneren | Quelltext änneren]

1963[änneren | Quelltext änneren]

1964[änneren | Quelltext änneren]

1965[änneren | Quelltext änneren]

1966[änneren | Quelltext änneren]

1967[änneren | Quelltext änneren]

1968 (Molteni)[änneren | Quelltext änneren]

1969 (Molteni)[änneren | Quelltext änneren]

1970 (Molteni)[änneren | Quelltext änneren]

1971 (Mars - Flandria)[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Edy Schutz op der Websäit sports-reference.com