Andy Schleck

Vu Wikipedia
Andy Schleck
Gebuertsnumm Andy Raymond Schleck
Gebuer 10. Juni 1985
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler
Gréisst 186 Zentimeter
Gewiicht 68 kg
Veräin/Ekipp Saxo Bank-Sungard,
Trek-Segafredo
Famill
Papp Johny Schleck
Geschwëster Fränk Schleck

Den Andy Schleck, gebuer den 10. Juni 1985 an der Stad Lëtzebuerg, ass e fréieren (bis Enn 2014) lëtzebuergesche Vëlossportler.

Hien ass en Enkel vum Auguste Schleck an de jéngste vum Johny Schleck sengen 3 Jongen. Hien ass fir d'Vëlosekippen CSC-Saxo Bank a RadioShack-Nissan-Trek gefuer.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2005 huet den Andy Schleck, am Alter vun 19 Joer e Profivertrag beim däneschen Team CSC-Saxo Bank ënner der Leedung vum Bjarne Riis ënnerschriwwen. Dëse Vertrag leeft bis Enn vun der Saison 2010.

Beim Giro d'Italia 2007 huet en déi éischt Kéier op sech opmierksam gemaach, wéi hien 2. am Generalklassement gouf. Den Andy Schleck huet dunn den Trikot vum beschte jonke Proficoureur gewonnen, dësen huet hien och dat Joer drop gewonnen, wéi hien déi éischt Kéier um Tour de France deelgeholl huet an do 12. am Generalklassement gouf.

Bei der Flèche wallonne 2009 ass den Andy Schleck Zweete ginn. Am selwechte Joer huet e Liège-Bastogne-Liège als 1. ofgeschloss, 1:17 Minutte virum Zweeten. D'selwecht Joer gouf hien, hanner dem Alberto Contador, Zweeten am Tour de France. Hien huet dunn och fir d'zweet de wäissen Trikot vum beschte jonke Fuerer gewonnen. Den Andy Schleck war am Joer 2009 och Lëtzebuerger Champion.

2010 gouf den Andy Schleck 2. am Tour de France. Dem Vainqueur Alberto Contador gouf am Februar 2012 duerch en Urteel vum Tribunal Arbitral du Sport den Titel oferkannt, soudatt den Andy Schleck nodréiglech zum Gewënner vum Tour 'nogerëtscht' ass.

Vun der Saison 2011 un ass den Andy Schleck, wéi och säi Brudder Fränk, an dem neigegrënnten Team Leopard Trek (Enn 2011 ëmbenannt a RadioShack-Nissan-Trek) gefuer.

Den 9. Oktober 2014 huet hien op enger Pressekonferenz ugekënnegt, Enn 2014 als professionelle Coureur opzehalen: Hie war an der 3. Etapp vum Tour de France 2014 sou onglécklech gefall, datt eng Blessur um Knéi net méi richteg heele konnt, an et him onméiglech gemaach huet, 100 % weiderzefueren.[1],[2]

Zesumme mat senger Fra a sengem Schwéierpapp huet hien uganks 2016 zu Izeg e Vëlofachgeschäft opgemaach, an deem och Erënnerungsstécker u seng Karriär ausgestallt sinn.[3]

Den A. Schleck am Maillot jaune.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

2002[änneren | Quelltext änneren]

2003[änneren | Quelltext änneren]

2004[änneren | Quelltext änneren]

2005[änneren | Quelltext änneren]

Den Andy Schleck beim Eenzelzäitfueren an der Deutschland Tour 2006

2006 (Team C.S.C.)[änneren | Quelltext änneren]

2007 (Team C.S.C.)[änneren | Quelltext änneren]

2008 (Team C.S.C.)[änneren | Quelltext änneren]

2009[änneren | Quelltext änneren]

Den Andy Schleck bei senger Attack op de Philippe Gilbert an der Côte de la Roche-aux-faucons um L-B-L 2009
Am Ventoux

2010[änneren | Quelltext änneren]

2011[änneren | Quelltext änneren]

säi Gielen Tricot am Tour de France

2012[änneren | Quelltext änneren]

2013[änneren | Quelltext änneren]

2014[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Virdrun   Sportler vum Joer   Duerno
Kim Kirchen 2009 - 2010 - 2011 Laurent Carnol


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Andy Schleck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Andy Schleck: 'Ech muss d'Spekulatioune confirméieren'." rtl.lu, Leschten Update: 09.10.2014, 13:17:49.
  2. "Ehemaliger Tour-de-France-Sieger: Andy Schleck beendet Karriere." spiegel.de, 09.10.2014 – 11:28 Uhr.
  3. Bernard Thomas: "Working Class Hero." in: d'Lëtzebuerger Land 5. Februar 2016, Nr.6, S.10.