Lance Armstrong

Vu Wikipedia
Lance Armstrong
Gebuertsnumm Lance Edward Gunderson
Gebuer 18. September 1971
Plano
Nationalitéit USA
Aktivitéit Vëlossportler, Autobiograph, Podcaster, Triathlet
Gréisst 177 Zentimeter
Gewiicht 71 kg
Veräin/Ekipp Motorola,
Cofidis,
Discovery Channel,
Astana,
RadioShack
Partei Republikanesch Partei
Famill
Liewenspartner(in) Tory Burch


De Lance Armstrong 2002 beim Grand Prix du Midi Libre

De Lance Armstrong, gebuer den 18. September 1971 zu Plano am Texas, ass e fréieren US-amerikanesche Vëlossportler.

Hien huet sech de 24. Juli 2005 vum professionelle Vëlossport zeréckgezunn, nodeem hie siwemol noeneen den Tour de France gewonnen hat - ënner Doping, wéi 2012 un d'Liicht koum.

Am September 2008 huet hie säi Comeback fir d'Saison 2009 ugekënnegt.

Hien ass doduerch bekannt ginn, datt hien testiculaire Kriibs iwwerlieft huet an d'Joer drop säin éischten Tour de France gewonnen huet.

2010 ass hie mat der Ekipp RadioShack de Skoda-Tour de Luxembourg gefuer.

Am Oktober 2012 huet d'US-Anti-Doping-Agentur Usada dem Armstrong nogewisen, datt hie jorelaang systematesch ë. a. Epo-, Testosteron-, Kortison- a Bluttdoping bedriwen hat. Den Armstrong huet dës Virwërf ofgestridden. All Titelen, déi en zanter 1998 kritt hat, dorënner seng 7 Tour-de-France-Titelen, goufen him oferkannnt.[1]

Livestrong a Lance Armstrong Foundation[änneren | Quelltext änneren]

Kuerz no senger Kriibserkrankung huet hien d'Lance Armstrong Foundation (LAF) gegrënnt. Si ënnerstëtzt de Kampf géint de Kriibs an d'Fuerschung fir en Heelmettel fir de Kriibs ze fannen.

Am Joer 2004 huet de Lance Armstrong, zesumme mat der Sportartikelfirma Nike, e gielt Armbändche mat der Opschrëft "LIVESTRONG" erausbruecht. Et war en Deel vun der Campagne "Wear Yellow and live strong" déi Kriibs-Kranker a Kriibs-Iwwerliewender ënnerstëtzt. A weiderer Zesummenaarbecht mat der Firma Nike, mat der Firma Giro an der Firma Oakley, huet de Lance Armstrong an de Joren duerno all Joer Sportsartikele vu Livestrong erausbruecht. Den Erléis vun de Produite vu Giro an Oakley fléisst zum gréissten Deel an d'LAF. Den Erléis vun der Nike-Kollektioun vu Livestrong fléisst integral an d'LAF.

Am September 2012, wéi seng Uschëllegung vun Doping bekannt gouf, huet den Armstrong sech aus der LAF zeréckgezunn, fir hir net ze schiedegen.

Ekippen[änneren | Quelltext änneren]

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

1991[änneren | Quelltext änneren]

1993[änneren | Quelltext änneren]

1995[änneren | Quelltext änneren]

1996[änneren | Quelltext änneren]

1998[änneren | Quelltext änneren]

Oferkannt Titelen:[änneren | Quelltext änneren]

1999

2000

2001

2002

2003

2004

2005

2009

2010

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lance Armstrong – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiquote: Lance Armstrong – Zitater

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Armstrong verliert alle sieben Tour-Titel." wort.lu, 22.10.12 13:17.