Laurent Carnol

Vu Wikipedia
Laurent Carnol
Gebuer 17. Oktober 1989
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schwëmmer
Gréisst 1,86 m
Gewiicht 80 kg

De Laurent Carnol, gebuer de 17. Oktober 1989 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Schwëmmer an Olympionik.[1]

Seng Spezialitéit sinn d'200 Meter Brasse.

Nodeem hie scho bei der Schwammweltmeeschterschaft den 20. Mäerz 2008 zu Eindhoven den néng Joer ale Lëtzebuerger Rekord iwwer 200m Brasse vum Alwin de Prins geschloen, a sech domat fir d'Olympesch Summerspiller 2008 qualifizéiert hat, huet hien de Landesrekord bei de Spiller zu Peking op en Neits verbessert.

Och bei den Olympesche Spiller 2012 zu London, wou hien et bis an d'Halleffinale vum 200-Meter-Brasse gepackt huet, an deene vu Rio, war hie mat derbäi.

De Laurent Carnol schwëmmt fir den Ettelbrécker Swimming Club le Dauphin.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
  • Mee 2013: 3. Plaz, Spiller vun de klenge Länner 2013 iwwer 400 m Quatre-nages.
  • August 2008: 40. Plaz, Olympesch Summerspiller 2008 iwwer 200m Brasse.[2]
  • Mäerz 2008: 29. Plaz, Schwamm-Europameeschterschaften zu Eindhoven iwwer 200 m Brasse.
  • Mäerz 2008: 47. Plaz, Schwamm-Europameeschterschaften zu Eindhoven iwwer 100 m Brasse (1:04:60)
  • Landesrekorder 50 Meter-Baseng:
    • 050 m Brasse 0:27:94 den 08. August 2015 zu Kazan
    • 100 m Brasse 1:02:27 den 28. Juli 2009 zu Roum
    • 200 m Brasse 2:13:00 den 28 Juli 2009 zu Roum.
  • Landesrekorder 25 Meter-Baseng
    • 100 m Brasse 1:01:50 de 26. Abrëll 2009 zu Ettelbréck. Hien egaliséiert domat dem Alwin De Prins säi Rekord vum 6. Februar 2000 zu Berlin.
    • 200 m Brasse 2:14:42 de 15. November 2008 zu Berlin
  • National bescht Leeschtunge mat 18 Joer:
    • 100 m Brasse 1:03:76 den 13. Dezember 2007
    • 200 m Brasse 2:16:81 de 16. Dezember 2007
    • Ekipp FNLS, Relais 17-18 Joer 4 × 100 m 4nages an 3:58:42 (Jean-François Schneiders 0:59:44 - Laurent Carnol 1:05:70 - Bob Kails 0:59:56 - Pit Ulveling 0:53:72) den 22. Juli 2007 zu Antwerpen.
  • National bescht Leeschtunge mat 17 Joer.
    • 200 m Brasse 2:19:42 de 16. Dezember 2006
  • National bescht Leeschtunge mat 16 Joer
    • 200 Brasse 2:27:18 de 17. Dezember 2005.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Virdrun   Sportler vum Joer   Duerno
Andy Schleck 2012 Dirk Bockel


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Laurent Carnol op der Websäit vu sports-reference.com
  2. De Laurent Carnol op der Websäit vun der 'AssocaitionLuxembourgeoise des Olympiens'