Olympesch Summerspiller 2008

Vu Wikipedia
Soccer stub.svg Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Olympesch Summerspiller 2008, offiziell d'Spiller vun der XXIX. Olympiad genannt, goufe vum 8. bis de 24. August 2008 zu Peking organiséiert. Et waren déi éischt Olympesch Spiller an der Volleksrepublik China.

Déi allermeescht, mä net all d'Kompetitioune waren zu Peking selwer. Sou goungen d'Seegler zu Qingdao op d'Waasser a Foussball gouf nieft der Haaptstad och zu Qinhuangdao, Shanghai, Shenyang an Tianjin gespillt. D'Reide war zu Hong Kong a gouf dowéinst och net vum chineeseschen nationalen olympesche Comité, mä vun deem vun Hong Kong organiséiert.

D'Haaptarena vun de Spiller ass den Nationalstadion vu Peking.

Participanten[änneren | Quelltext änneren]

Et waren 11 028 Athleten aus 204 Länner um Start. Lëtzebuerg war mat 13 Olympionike vertrueden:

De Liichtathlet David Fiegen war qualifizéiert, huet awer wéinst Krankheet missen op eng Participatioun verzichten.

Kompetitiounen[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Spiller 2008 gouf an 28 Sportaarten an an zesummen 302 Disziplinnen géintenee konkurréiert.

Lëscht vun den olympesche Sportaarten 2008 an der Zuel vun den Disziplinnen (a Klameren):

  • Badminton pictogram.svg Badminton (5)
  • Baseball pictogram.svg Baseball (1)
  • Basketball pictogram.svg Basketball (2)
  • Archery pictogram.svg Bouschéissen (4)
  • Boxing pictogram.svg Boxen (11)
  • Table tennis pictogram.svg Dëschtennis (4)
  • Fencing pictogram.svg Fechten (10)
  • Field hockey pictogram.svg Feldhockey (2)
  • Football pictogram.svg Foussball (2)
  • Weightlifting pictogram.svg Gewiichterhiewen (14)
  • Handball pictogram.svg Handball (2)
  • Judo pictogram.svg Judo (14)
  • Canoeing (flatwater) pictogram.svg Kanu (17)
  • Athletics pictogram.svg Liichtathletik (47)
  • Modern pentathlon pictogram.svg Moderne Pentathlon (2)
  • Equestrian pictogram.svg Reiden (6)
  • Wrestling pictogram.svg Ringen (18)
  • Rowing pictogram.svg Rudderen (14)
  • Shooting pictogram.svg Schéissen (15)
  • Swimming pictogram.svg Schwammen¹ (34)
  • Sailing pictogram.svg Seegelen (11)
  • Softball pictogram.svg Softball (1)
  • Synchronized swimming pictogram.svg Synchronschwammen¹ (2)
  • Taekwondo pictogram.svg Taekwondo (8)
  • Tennis pictogram.svg Tennis (4)
  • Triathlon pictogram.svg Triatlhon (2)
  • Gymnastics (artistic) pictogram.svg Turnen² (18)
  • Water polo pictogram.svg Waasserball¹ (2)
  • Diving pictogram.svg Waassersprangen¹ (8)
  • Cycling (road) pictogram.svg Vëlossport (18)
  • Volleyball (indoor) pictogram.svg Volleyball (4)

{{{1}}}

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Olympesch Summerspiller 2008 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Olympic rings without rims.svg Olympesch Summerspiller
Athen 1896 | Paräis 1900 | Saint-Louis 1904 | London 1908 | Stockholm 1912 | Antwerpen 1920 | Paräis 1924 | Amsterdam 1928 | Los Angeles 1932 | Berlin 1936 | London 1948 | Helsinki 1952 | Melbourne 1956 | Roum 1960 | Tokyo 1964 | Mexiko Stad 1968 | München 1972 | Montreal 1976 | Moskau 1980 | Los Angeles 1984 | Seoul 1988 | Barcelona 1992 | Atlanta 1996 | Sydney 2000 | Athen 2004 | Peking 2008 | London 2012 | Rio de Janeiro 2016 | Tokio 2020