Diskussioun:Olympesch Summerspiller 2008

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Alles doitsch, oder wéi?

D'Olympesch Summerspiller 2008, offiziell d'Spiller vun der XXIX. Olympiad genannt, gi vum 8. bis de 24. August 2008 zu Peking ausgedroen. Zu Peking droe se, wéi hei och, Zeitungen aus, awer keng Spiller. D'Olympesch Summerspiller 2008, offiziell d'Spiller vun der XXIX. Olympiad genannt, gi vum 8. bis de 24. August 2008 zu Peking ofgehalen. Zu Peking hale se vläicht an de Butteker Prozenter of, awer keng Spiller. Wat e Kéis.

Bei ausdroen ass keng Diskussioun, ofhalen, nu jee, do lossen ech mech gäer beléieren. Ech hunn et op organiséiert geännert. Sollt dat och nach falsch sinn, däerf direkt am Text geännert ginn. --Kaffi 08:55, 8. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]
@ Kaffi: Deng Ausdréck ware net falsch, jiddereen dee lëtzebuergesch kann huet se verstanen. Se hu just net an de Krom vun engem (ganz bekannten) User, deen all Dag seng Identitéit wiesselt, gepasst. Hien hätt se jo direkt kënne verbesseren, mee da wier et jo net opgefall. --Pecalux 09:15, 8. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,
Dat hei gouf de Mee 2006 dragasat: 2008 gin Olympesch Spillen hei ausgedro. (Vun enger IP. déi eise Kolleg ëmmer als Feiglingen tituléiert huet.)
Dat gouf duerno vun der Fliedermaus de 17 Mee verbessert an huet dunn esou ausgesinn: D'Olympesch Summerspiller 2008 vun der IXX. Olympiad gi vum 8. bis de 24.August 2008 zu Peking ausgedroen.
De Kaffi huet deemno näischt mat deem Ausdrock ze dinn.
Merci fir d'Verbesserung un de Kaffi, déi onse gutt bekannten Talkmaster deen an der Lescht all zweeten Dag ënner enger neier Bokemaul optrëtt och selwer hätt kënne maachen. Les Meloures 09:57, 8. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]
Den Ausdrock steet iwwregens nach 38 Mol an deem Sënn op der lb:Wiki. All enregistréierte Benotzer an all IP, an all aner Feiglingen, däerfen dat op eng einfach Manéier verbessere goen, amplaz bei all Artikel en Talk ze maachen. Dat gëllt iwwregens och fir aner Feeleren déi doruechter stinn. Les Meloures 10:10, 8. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Am LOD ass ënner dem Lemma "ausdroen" (2.) och d'Beispill "de Match gëtt am neien Stadion ausgedroen" ze liesen. A Relatioun mat enger Sportmanifestatioun kann deemno "ausdroen" benotzt ginn. Et kann een och méi patetesch schreiwen, datt d'Olympesch Spiller "gefeiert" ginn. Ausser enger Zeitung, enger Sportsmanifestatioun kann een (eng Fra) och nach e Kand ausdroen. --Fliedermaus 10:27, 8. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Merci un d'Fliedermaus, déi hire Radar op déi richteg Quell geriicht hat :-)
Eise Frënd hat sécher erem a senger bekannter Haselerei viergiess fir d'Quellen all ze checken. En huet nach ëmmer net erausfonnt, datt seng Schoulmeeschterei net méi ganz gutt ukënnt, an datt aner Leit och net grad op de Kapp gefall sinn. Les Meloures 12:28, 8. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]