Marie Muller

Vu Wikipedia
Marie Muller
Gebuer 29. Juli 1985
Filderstadt
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Judoka
Gréisst 163 Zentimeter
Gewiicht 53 kg
Famill
Papp Charles Muller

D'Marie Muller, gebuer den 29. Juli 1985 zu Filderstadt bei Stuttgart, ass eng fréier lëtzebuergesch Judoka mat lëtzebuergesch-däitschen Originnen.

2008, 2010 an 2012 war si Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer. 2016 huet si wéinst Blessure mat hirer Sportscarrière opgehalen.[1]

Si ass d'Duechter vum Direkter vum Escher Theater, dem Charles Muller. Den 28. September 2012 huet si sech zu Esslingen mat hirem Trainer Ralf Heiler bestuet.[2]

Sportcarrière[änneren | Quelltext änneren]

D'Marie Muller huet eréischt zanter 2007 d'Lëtzebuerger Faarwe representéiert. Virdru war se (hire Papp ass Lëtzebuerger) an der däitscher Nationalekipp. No zwou schwéieren Operatiounen um Knéi an den noutgedrongene Pausen huet déi jonk Judokämpferin sech du fir d'lëtzebuergesch Formatioun decidéiert. Hir éischt international Kompetitioun fir Lëtzebuerg war bei de Spiller vun de klenge Länner 2007 zu Monaco.

Hir Participatioun bei den Olympesche Summerspiller 2008 zu Peking am Hallef-Liichtgewiicht (-52 kg) war souwuel fir d'Sportlerin wéi och de Grand-Duché eng Première. Et waren hir éischt Spiller an et war och déi éischt Kéier datt eng weiblech Judoka Lëtzebuerg bei den Olympesche Spiller vertrueden huet. D'Marie Muller hat d'Olympia-Qualifikatioun net direkt gepackt, krut awer no gudde Resultater beim Super World Cup 2008 zu Moskau nach am leschten Ament eng Wild Card fir Peking wou si déi 9. gouf.

No den Olympesche Spiller huet d'Marie Muller sech an d'Lëtzebuerger Arméi gemellt wou si vu Januar bis Abrëll 2009 hir Grondausbildung gemaach huet an duerno e spezielle Programm fir Héichleeschtungssportler absolvéiert huet. Si gouf duerno vun der Arméi fräigestallt fir sech voll hirem Training an der Kompetitioun ze konsakréieren.[3]

Bei den Olympesche Summerspiller 2012 zu London huet si knapps eng Bronze-Medail verpasst an ass op déi 5. Plaz komm.[4] Bei der Erëffnungsfeier huet si de lëtzebuergesche Fändel gedroen.

Hire Veräin zu Lëtzebuerg ass de JJC Bonnevoie an an Däitschland ass si am Bundesligateam vum KSV Esslingen.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

2004[änneren | Quelltext änneren]

2005[änneren | Quelltext änneren]

  • 5. Plaz, WC zu Leonding (Éisträich)
  • 2. Plaz, Däitsche Mannschaftsmeeschter mat der 1. Judobundesliga vum KSV Esslingen
  • 5. Plaz, EM U23 zu Kiew

2006[änneren | Quelltext änneren]

2007[änneren | Quelltext änneren]

2008[änneren | Quelltext änneren]

2009[änneren | Quelltext änneren]

2010[änneren | Quelltext änneren]

  • 5. Plaz, Grand Prix zu Qingdao
  • 5. Plaz, Grand Slam zu Tokyo
  • 1. Plaz, World Cup zu Birmingham
  • 9. Plaz, Weltmeeschterschaft zu Tokyo, ausgescheet an der 1/8 Finall (no Verlängerung) géint d'spéider Weltmeeschterin
  • 3. Plaz, World Cup zu Miami
  • 2. Plaz, US Open zu Miami
  • 1. Plaz, World Cup zu Tallinn
  • 9. Plaz, World Cup zu Sao Paulo
  • 3. Plaz, World Cup zu Warschau, ë. a. mat der PORPOR Joana Ramos
  • 2. Plaz, Grand Slam zu Rio
  • 5. Plaz, World Cup zu Budapest

2011[änneren | Quelltext änneren]

2012[änneren | Quelltext änneren]

2013[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Virdrun   Sportlerin vum Joer   Duerno
Liz May
Liz May
Mandy Minella
2008
2010
2012
Liz May
Mandy Minella
Christine Majerus


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Réckbléck op eng aussergewéinlech Carrière." op rtl.lu, 20.10.2016.
  2. Wort.lu: Von der Matte zum Traualtar: Hochzeitsglocken für Marie Muller
  3. marie-muller.info "about me" Gearchiveerd op 2012-03-25. Gekuckt de(n) 2011-06-07.
  4. Wort.lu: Judoka Marie Muller verpasst knapp die Bronzemedaille und wird Fünfte