Spiller vun de klenge Länner

D'Spiller vun de klenge Länner (Jeux des petits États d'Europe, JPEE) ass ee Multisportevenement bei deem déi klengst Staate vun Europa matmaachen. Si gi vun den Nationalen Olympesche Kommiteeë (NOK) vun den 8 europäesche Klengstaaten zanter 1985 all 2 Joer organiséiert.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Am Kader vun enger Reunioun vun den europäeschen Olympesche Komiteeën hunn d'Vertrieder vun de klenge Staate proposéiert, fir e Multisportevenement ënner sech z'organiséieren. En éischte Kongress gouf 1981 zu Baden-Baden ofgehalen, bei deem sech d'NOKe vun den aacht klenge Staate getraff hunn, fir ze diskutéieren, wéi sou Spiller kéinten organiséiert kënne ginn.
D'JPEE goufen 1984 wärend den Olympesche Spiller zu Los Angeles gegrënnt. All europäescht Land dat Member am europäeschen Olympesche Komiteeën ass a manner wéi eng Millioun Awunner huet, ka matmaachen. Am Ufank hunn aacht Staaten dës Konditiounen erfëllt an 2009 koum nach Montenegro derbäi. De Vatikan hätt duerch e bilateraalt Ofkommes mam italieeneschen NOK un der Editioun 2021 deelhuele sollen, déi Editioun ass awer wéinst der weltwäiter COVID-19-Pandemie ausgefall.
D'Färöer Insele wëlle Member vun de JPEE ginn, se sinn awer kee souveräne Staat an hu keen eegenen Olympesche Kommitee.
Länner déi a Fro kommen
[änneren | Quelltext änneren]
| Land | Awunnerzuel | Gaaschtland vun de Spiller | Bemierkung |
| 87.486 | 1991, 2005, 2021, 2025 | zanter 1985 derbäi | |
| 54.149 | nach keen onofhängege Staat | ||
| 376.248 | 1997, 2015 | zanter 1985 derbäi | |
| 672.050 | 1995, 2013, 2029 | zanter 1985 derbäi | |
| 37.922 | 1999, 2011 | zanter 1985 derbäi | |
| 553.214 | 1993, 2013, 2023 | zanter 1985 derbäi | |
| 38.367 | 1987, 2007, 2027 | zanter 1985 derbäi | |
| 617.213 | 2019 | zanter 2006 onofhängeg; zanter 2011 derbäi | |
| 33.600 | 1985, 2001, 2017 | zanter 1985 derbäi | |
| 882 | net derbäi well keen NOK;
fir 2021 duerch Ofkommes mam italieeneschen NOK geplangt, d'Spiller sinn awer ausgefall | ||
| 1.344.976 | 1989, 2009, 2031 | zanter 1985 derbäi |
Disziplinnen
[änneren | Quelltext änneren]Bei de Spiller vun de klenge Länner gëtt et eng variabel Zuel vun Disziplinnen. Bei de Spiller vun de klenge Länner 2025 an Andorra gouf et siwwenzéng Sportaarten.
Ausdroungsplazen
[änneren | Quelltext änneren]- Kuckt an der Navigatiounsläischt, ënnen op der Säit
Éiwege Medailespigel
[änneren | Quelltext änneren]| Plaz | Land | ||||
|---|---|---|---|---|---|
| 1. | 553 | 469 | 448 | 1 470 | |
| 2. | 537 | 429 | 419 | 1 385 | |
| 3. | 443 | 447 | 425 | 1 315 | |
| 4. | 163 | 182 | 267 | 612 | |
| 5. | 124 | 198 | 249 | 571 | |
| 6. | 79 | 86 | 113 | 278 | |
| 7. | 76 | 132 | 167 | 375 | |
| 8. | 67 | 37 | 47 | 161 | |
| 9. | 65 | 111 | 153 | 329 | |
| Total | 1 982 | 1 966 | 2 152 | 6 100 | |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Spiller vun de klenge Länner – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- Quell fir d'Geschicht: www.luxembourg2013.lu, offizielle Säit vun de JPEE 2013 zu Lëtzebuerg (net méi online)