Judo

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Judo
Typ Kampfsport, Kampfkonscht, Olympesch Sportaart
Olympesch Sportaart ♂ zënter 1964 (ausser 1968)
♀ zënter 1992
Federatioun
International International Judo Federation
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise des arts martiaux
Ursprong
Ursprongsland Japan
Erfonnt 1882
Erfinder Kanō Jigorō
Aner Informatiounen
Gebraucht gëtt Judogi, Tatami
Aktuelle Weltmeeschter ♂ kuckt op:
Aktuelle Weltmeeschter ♀ ijf.org


Tatami Matten

Judo (jap. 柔道 jūdō, lit. „duusse Wee“) ass eng japanesch Kampfsportaart déi de Schwéierpunkt op Worf- a Grëfftechnike leet fir de Géigner z'iwwerwältegen. E Judoka muss absënns sportlech, kierperlech fit a mental disziplinéiert sinn.

Hautdesdaags gëtt de Judo an iwwer 150 Länner ausgeüübt an ass domat déi am meescht verbreete Kampfsportaart op der Welt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Judo gouf 1882 vum Kanō Jigorō entwéckelt, als eng Symbios aus den ale Jiujitsu-Stiler (Koryu), déi hien zënter senger Jugend mat groussem Fläiss trainéiert hat. Judo gëllt als eng sécher an effektiv Form vu kierperlecher Übung a Selbstverdeedegung no de Prinzippie vum "méiglechst wierksame Gebrauch vu geeschteger a kierperlecher Energie".

Spillfeld[änneren | Quelltext änneren]

Judo gëtt am Training grad ewéi bei de Kompetitiounen op enger quadratescher, ofgegrenzter flaacher Uewerfläch ausgeüübt, dem sougenannten Tatami. Den Tatami besteet aus enger Rei mëlle Matten aus Räisstréi déi no engem bestëmmte Muster nieftenee leien.

Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Kompetitiounen, déi a Gewiichtsklassen agedeelt sinn, ginn d'Punkten op Grond vun de Worf- a Buedemtechnike verginn. D'Zil ass et, fir de Géigner mat Kraaft op de Réck ze leeën oder hie fir eng gewëssen Zäit festzehalen. Am Prinzip gëllt: wat de Géigner besser um Réck läit, wat d'Bewäertunge besser gëtt.

Judokämpf dauere bei den Häre véier Minutten an de Virronnen a fënnef Minutten an der Halleffinall oder der Finall. Bei den Damme sinn et ëmmer véier Minutten. Bei engem Gläichstand um Enn vum Kampf kann en ëm eng sougenannt Golden-Score-Phas verlängert ginn. De Golden Score ass eriwwer esoubal ee vun de Kämpfer e Punkt oder eng Strof kritt.

Judo an d'Olympesch Spiller[änneren | Quelltext änneren]

Judo war als éischt bei den Olympesche Spiller 1964 zu Tokio eng offiziell Sportaart. 1968 zu Mexiko-Stad war et aus dem Programm gestrach, gouf awer 1972 zu München nees opgeholl an ass zënterhier um Programm. Bei den Dammen ass de Judo zënter de Spiller zu Barcelona (1992) um Programm.

Et gëtt fir d'Männer grad ewéi fir d'Frae siwe Gewiichtsklassen.

Olympesch Summerspiller 2024[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Summerspiller 2024 trieden 186 Männer an 186 Fraen allkéiers a siwe Gewiichtsklassen un.

Judo zielt besonnesch fir déi franséisch Fans zu den Haaptattraktiounen op den den Olympesche Spiller zu Paräis. Beim Grand-Slam-Turnéier 2023 huet Frankräich scho mat 4 gewonnene Gold-, 3 Sëlwer- a 4 Bronzemedaile gewisen, datt si zu de Favoritte fir Olympia 2024 zielen.

Judo zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg si wäit iwwer honnert Kampfsportveräiner am nationale Verband federéiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fédération luxembourgeoise des arts martiaux.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Judo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]