Kanō Jigorō

Vu Wikipedia
Kanō Jigorō
Gebuer 28. Oktober 1860
Gestuerwen 4. Mee 1938
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Judoka, Erzéier, Professer, Iwwersetzer, Politiker
Member vun Internationalen Olympesche Kommitee

De Kanō Jigorō, gebuer den 10. Dezember 1860 zu Mikage a Japan, a gestuerwen den 4. Mee 1938 um Mier u Bord vun der Hikawa Maru, war e japanesche Jujitsu-Meeschter an de Grënner vum moderne Judo.

De Kanō huet op der Universitéit vun Tokio studéiert. Hie gouf Enseignant an och Rekter.

Wéinst senger schwaacher Konstitutioun an engem Manktem vu kierperlecher Kraaft huet hien en Interessi um Jujitsu entwéckelt. Hien huet e puermol de Meeschter gewiesselt, fir genuch gefuerdert ze sinn a verschidde Stiler kennen ze léieren. Den Afloss vum Iikubo Kuwakichi war dobäi wichteg fir dem Kanō seng Weiderentwécklung vun den Worftechniken, déi beim Judo an och beim Jujitsu typesch sinn.

Am Joer 1882 huet de Kanō e puer Schüler matgeholl fir säin eegenen Dojo am Eishoji-Tempel ze grënnen. Déi Trainingsgrupp war den Ursprong vum Kōdōkan-Dōjō. 1883 konnt den Training net méi am Tempel gehale ginn, well dat ze vill gestéiert huet.

1884 huet de Kanō seng Weiderentwécklung an de Kampfkënscht als Kōdōkan-Jūdō bezeechent. D'Philosophie vum Judo baséiert op der Iddi vum "méiglechst wierksame Gebrauch vu geeschteger a kierperlecher Energie".

De Kanō war och an der olympescher Beweegung aktiv an huet Japan op den Olympiade vun 1912, 1928, 1932 an 1936 representéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kanō Jigorō – Biller, Videoen oder Audiodateien