Ni Xia Lian
Ni Xia Lian | |
---|---|
| |
Gebuer |
4. Juli 1963 Shanghai |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dëschtennisspiller |
Gréisst | 157 Zentimeter |
Gewiicht | 58 kg |
D'Ni Xia Lian, op Chineesesch 倪 夏蓮 / 倪 夏莲 Ní Xiàlián, gebuer de 4. Juli 1963 zu Shanghai, ass eng professionell chineesesch-lëtzebuergesch Dëschtennisspillerin. Si spillt zanter 1991 fir Lëtzebuerg a gouf 2001 Sportlerin vum Joer. D'Ni Xian Lian ass zweefach Weltmeeschterin (Ekipp an Double Mixte) an zweefach Eenzeleuropameeschterin. Si huet véiermol un Olympesche Spiller deelgeholl an eng sëllegen national wéi international Titele fir souwuel China wéi och Lëtzebuerg am Laf vun hirer laanger Carrière gewonnen. D'Ni Xia Lian ass Lenkshännerin a spillt wéi déi meescht Asiate Penholder. Si ass séier, spillt no um Dësch an huet eng staark Virhand.
D'Ni Xia Lian wunnt zu Ettelbréck, ass net bestuet an huet zwee Kanner.
Carrière[änneren | Quelltext änneren]
D'Ni Xian Lian spillt zanter 1973 kompetitiv Dëschtennis. Hire gréissten internationale Succès hat d'Ni 1983 mat China. Bei den Dëschtennisweltmeeschterschaften zu Tokio huet si direkt zwee gëlle Gielercher däerfe mat heem huelen, eent am Double Mixte (zesumme mam Guo Yuehua an eent mat der Dammenekipp. Zwee Joer drop gouf déi jonk Chinesin zesumme mam Cao Yanhua Vizewelmeeschterin bei der WM 1985 zu Göteborg. 1985 war awer och d'Joer wou intern Problemer an der chineesescher Nationalekipp dem d'Ni sou d'Flemm agedriwwen hunn, datt si schonn decidéiert hat ganz mam Dëschtennis opzehalen. Si sollt ni méi fir China spillen. D'Ni ass dunn zréck op Shanghai bei hir Elteren gaangen an huet ugefaange mat studéieren. Sou ganz ass si awer ni vum Ping-Pong lass komm, a wéi sech 1988 d'Méiglechkeet gebueden huet fir an Europa ze goen, huet d'Asiatin net laang gezéckt. No engem éischte Joer an Däitschland wou si an der 2. Bundesliga bei Bayer Uerdingen gespillt huet, ass si 1990 zesumme mat hirem Mann, dem Tommy Danielsson op Ettelbréck geplënnert, huet eng Lizenz bei der lëtzebuergescher Dëschtennisfederatioun (FLTT) gemaach an ass zanter 1991 och international fir de Grand-Duché ugetrueden.
D'Ni sollt an der Zäit duerno eng formidabel Carrière an Europa maachen. Vun 1992-95 huet si zu Lëtzebuerg de Critérium national gewonnen. Tëscht 1996 an 1998 war d'Spillerin dräimol hannereneen Nummer eent bei den Europe Top-12. 2001 koum si op eng zweet Plaz. D'Ettelbréckerin war op fënnef Europameeschterschaften an huet 1998 an 2002 Gold am Eenzel, an 2002 am Double Mixte gewonnen. 1998 war d'Ni Nummer 4 an der Weltranglëscht.
No 2002 huet d'Ni Xian Lian fënnef Joer net méi fir d'FLTT gespillt. 2007 koum dunn e formidabele Comeback op den den Europameeschterschaften zu Belgrad: am Alter vu bal 44 Joer kritt d'Ni Sëlwer am Eenzel.
D'Ni Xia Lian huet bis 2021 fënnefmol un Olympesche Spiller deelgeholl: d'Spiller 2000 zu Sydney, 2008 an hirem am alen Heemechtsland zu Beijing, 2012 zu London, 2016 zu Rio, am 2021 zu Tokyo.
Palmarès[änneren | Quelltext änneren]
![]() |
- 1983: Weltmeeschterin mat der Dammenekipp an am Dubbel Mixte, Tokio (mat China)
- 1985: Vizeweltmeeschterin am Dubbel, Göteborg (mat China)
- 1996: 1. Plaz Euro Top-12 (Eenzel), Charleroi
- 1997: 1. Plaz am Dubbel, 2. am Eenzel, Pro Tour, Gdańsk
- 1997: 1. Plaz Euro Top-12 (Eenzel), Eindhoven
- 1998: 1. Plaz Euro Top-12 (Eenzel), Halmstad
- 1998: Europameeschterin (Eenzel), Eindhoven
- 2000: 1/8 Finall am Dubbel an am Eenzel bei den Olympesche Summerspiller zu Sydney
- 2000: Vizeeuropameeschterin am Dubbel mam Peggy Regenwetter, Bremen
- 2002: Europameeschterin am Eenzel an am Double Mixte mam Lucjan Błaszczyk, Zagreb
- 2007: Vizeeuropameeschterin (Eenzel), Belgrad
- 2008: Drëtt Ronn am Eenzel bei den Olympesche Summerspiller zu Peking
Veräiner[änneren | Quelltext änneren]
- Bayer Uerdingen 05 (1989/90) - 2. däitsch Bundesliga
- Haka Treffers (Holland, bis 1997)
- VfB Lübeck (zanter 1997)
- Henk ten Hoor (Holland)
- Klavier Lelie (Holland)
- TV Fürst Heerlen (Holland)
- MF Services Heerlen (Holland, aktuell)
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Gaston Zangerlé: Ni Xialian, le don du ciel. 2022.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Virdrun | ![]() ![]() |
Duerno |
---|---|---|
Nancy Kemp-Arendt | 2001 | Tessy Scholtes |