Tessy Scholtes
D'Tessy Scholtes, gebuer den 1. Juni 1981 zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Sportsprofessesch a fréier lëtzebuergesch Karateka an Deputéiert (CSV).
Si war 2002 Lëtzebuergesch Sportlerin vum Joer.
Politik[änneren | Quelltext änneren]
Si huet bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 am Bezierk Zentrum op der Lëscht vun der CSV kandidéiert, gouf awer net direkt gewielt. Den 3. Mee 2011 ass si an d'Chamber 'nogerëtscht' op d'Plaz vum Mill Majerus, dee bei engem Accident leie bliwwe war.[1]. Bei de virgezunnene Chamberwale vum Oktober 2013 gouf si net erëmgewielt.
Palmarès am Karate[änneren | Quelltext änneren]
Medailen | Datum | Klass | Kategorie | Kompetitioun | Stad |
---|---|---|---|---|---|
![]() |
Mee 2001 | Kumite eenzel open | Seniors | Europameeschterschaft 2001 | Sofia![]() |
![]() |
August 2001 | Kumite eenzel iwwer 60 kg | Seniors | Weltspiller 2001 | Akita![]() |
![]() |
Februar 2002 | Kumite eenzel iwwer 60 kg | Juniors | Europameeschterschaft 2002 (Juniors a Cadets) |
Koblenz![]() |
![]() |
Mee 2002 | Kumite eenzel iwwer 60 kg | Seniors | Europameeschterschaft 2002 | Tallinn![]() |
![]() |
November 2002 | Kumite eenzel open | Seniors | Weltmeeschterschaft 2002 | Madrid ![]() |
![]() |
Mee 2003 | Kumite eenzel iwwer 60 kg | Seniors | Europameeschterschaft 2003 | Bremen ![]() |
Virdrun | ![]() ![]() |
Duerno |
---|---|---|
Ni Xia Lian | 2002 | Claudine Schaul |
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ "Chamber: Tessy Scholtes hëlt Mandat als CSV-Deputéiert un" RTL.lu, 29.04.2011, 11:43 - Fir d'lescht aktualiséiert: 29.04.2011, 11:50.