Diskussioun:Tessy Scholtes

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"...ass lëtzebuergesch Meeschterin am Karate." 2008? Kumité oder Kata? A wat fir enger Kategorie? Et wier och net schlecht fir hir Titelen an e Palmarès ze schreiwen.--Fliedermaus 18:00, 27. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Vum Zinneke senger Diskussiounssäit heihinner geplënnert, fir déi inhaltlech Aspekter ze diskutéieren[Quelltext änneren]

Léiwen Zinneke!

- Wat ass e "Sportsproff"? De richtegen Intitulé ass - op Franséisch, wéi eben an eiser Legislatioun an op allen offiziellen Dokumenter - "Professeur d'éducation physique et sportive". D'Fach heescht ofgekierzt EPS. Deemno kritt ee vun esou engem "Proff" (Affekot => "Aaf"?) am Prinzip bäibruecht, wéi een optimal mat séngem Kierper ëmgeet, fir physesch fit ze bleiwen a fir de Goût an d'sportlech Aktivitéiten ze kréien, fir ebe fit ze bleiwen a Spaass dobäi ze hunn. Den Accent läit op "éducation". Sport ass eng Aktivitéit, wéi bieden oder fëmmen. E "Sportsproff", dat gëtt et net (a wann och nach souvill Leit - ënner däitschem Afloss? - esou soen).

- A virwat däerf net gewosst sinn, datt d'Tessy säi Stage gär ofgeschloss hätt, amplaz "favoriséiert" ze ginn? Hat steet lo zimmlech blöd do, well de Stage ass net sou einfach ('t falen jo och mol Leit duerch), an hat krut en einfach geschenkt. Virwat soll de Lieser net wëssen, wat mir fir Politiker a soss "Staatsmänner" an eisem Marienland hunn? Virwat betruecht dir iech als Besserwësser oder Oberzensor? Oder wëll dir lb.wikipedia discreditéieren? Ech hunn iech anescht a besser kannt...

Mat frëndleche Gréiss,

Jeff Schorels (professeur d'EPF), Crendal

Moien Här Schorels,
Merci fir déi Informatiounen. Ech fäerten, Dir adresséiert Iech un dee Falschen: Am Versiounshistorique vum Artikel gesitt Der, datt ech alles an allem dräi kleng Ännerungen an deem Artikel gemaach hunn: 1. haut, e Link op den Artikel vun de Chamberalen; 2. den 29.4.2011, d'Informatioun, datt déi Dame Deputéiert gouf, an 3. 2007, wéi den Artikel ugelucht gi war, wou ech Hobbien, déi do ugi goufen, erausgeholl hat, well déi näischt do verluer hunn. Äre Virworf, ech wier en "Oberzensor" kann ech dofir net gëlle loossen.
De Versiounshistorique weist, dass haut(ausser mir fir dee besote Link anzesetzen) bis ewell zwee Leit ënner anonymen IPen um Artikel geschafft hunn: D'188.115.51.163, déi dat, wat Dir heidriwwer beschriwwen hutt, bäigesat huet (vläit waart Dir dat?) an dann dono d'IP 80.200.214.1, déi dat mat der Sportsprofessesch agesat huet an déi Ännerung mam Commentaire "onverstädleches am Zusummenkank eraus" nees ewechgemaach heut. Är Remarquën u mech wieren also éischter un déi IP ze riichten, oder nach besser op d'Diskussiounssäit vum Artikel, well dat d'Plaz ass, wou den Inhalt vun engem Artikel soll diskutéiert ginn. Ech kopéieren dofir Äre Commentaire gläich emol dohinner.
Zu der Saach selwer: Wat der IP 80.200.214.1 "onverständlech" geklongen huet, misst a mengen Aen och vläit besser ëmschriwwen, a mat Quell beluecht ginn, fir éischter do stoen ze kënnen. Mee wéi gesot: Ech sinn net den Oberzensor an net deen eenzegen, deen hei schreift a matschafft, jiddereen huet do säi Wiertche bäizedroen.
Bescht Gréiss
--Zinneke (Diskussioun) 16:01, 4. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]