Christine Mailliet

Vu Wikipedia
Christine Mailliet
Gebuer 9. Januar 1987
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schwëmmer

D'Christine Mailliet, gebuer den 9. Januar 1987 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Schwëmmerin.

D'Christine Mailliet ass vun Ettelbréck a schwëmmt fir de Swimming Club le Dauphin. Hir Stäerkte sinn 200 a 400m Crawl/Fräistil.

D'Mailliet huet schonn a ganz jonke Joren ugefaange kompetitiv ze trainéieren (8-9 Joer) an huet am Laf vun hirer Carrière hiert Talent mat enger jett nationaler Championstitelen a Landesrekorder bewisen.

Dobäi wier d'Schwëmmercarrière op en Hoer no fréi op en Enn gaangen. Nodeem déi jonk Ettelbréckerin eng 13e commerce an der Täsch hat, sollten 12 Méint Intensivtraining am US-amerikanesche Bundesstaat Kalifornien um Programm stoen. E Klima dat ongewinnt a schlecht verdroe gouf, Kränkt an en Trainer deen éischter op Brasse wéi Kraul gekuckt huet, hunn der Schwëmmerin d'Decisioun, de Stage ofzebriechen an zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, net ze schwéier gemaach. Erëm doheem ass d'Mailliet nees krank ginn an hätt d'Schwamme bal fir gutt un den Nol gehaangen.

Den definitive Comeback koum dunn 2007 zu Monaco op de Spiller vun de klenge Länner. D'Mailliet schwëmmt en neie Landesrekord op de 400m Fräistil a gewënnt d'Goldmedail.

D'Christine Mailliet, dat nach kuerz virun den Olympesch Summerspiller 2008 en neien nationale Rekord am 200m Fräistil am Championnat geschwommen hat, huet sech och zu Peking gutt geschloen a blouf nëmmen 20 Honnertstel hanner der vun him selwer opgestallter nationaler Beschtzäit.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

  • 2008: 39. Plaz, Olympesch Summerspiller 2008 iwwer 200m Fräistil mat 2:02.91
  • 2008: Qualifikatioun fir d'Olympesch Spiller 2008. Neie Landesrekord mat 2:02.71 iwwer 200m Fräistil, Landeschampionnat, 15. Juni 2008.
  • 2007: 1 Goldmedail (400m Fräistil, neie Landesrekord mat 4:24.67), 2 Sëlwermedailen (4x200m Fräistil, 4x100m 4-Nages), 3 Bronzemedailen (200m, 800m, 4x100m Fräistil), Spiller vun de klenge Länner, Monaco.
  • 2005: 37. Plaz iwwer 200m Fräistil, Schwamm WM, Montréal (Kanada)
  • 2005: 1 Goldmedail (4x200m Fräistil), 3 Sëlwermedailen (200m, 400m, 4x100m Fräistil) an 1 Bronzemedail (4x100m medley), Spiller vun de klenge Länner, Andorra

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]