Trek-Segafredo
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Trek-Segafredo (UCI Kierzel: TFS) ass zanter 2011 e professionellt US-amerikanescht Vëlossport-ProTeam ëm d'Bridder Andy a Fränk Schleck, dat 2011 als lëtzebuergesch Ekipp ënner dem Numm Leopard-Trek gestart ass (wat sengersäits haut e Continental Team an d'Farmteam ass).
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Grënnung
[änneren | Quelltext änneren]Déi offiziell Presentatioun war de 6. Januar 2011 an der Coque.
Den ursprénglechen Numm Leopard Trek koum engersäits vun der Leopard S.A., enger Firma, un där ë. a. de Sportmäzeen an Immobilien-Agent Flavio Becca bedeelegt ass, an den US-amerikanesche Vëlosfabrikant Trek. Eng Rëtsch Sponsoren hu mat zum Finanzement vum Team bäigedroen.
Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]Den 9. Mee 2011 ass de belsche Vëlossportler Wouter Weylandt beim Giro d'Italia tragesch gefall an nach op der Plaz gestuerwen.
Den däitsche Vëlossportler Linus Gerdemann huet tëscht dem 1. an 5. Juni den Tour de Luxembourg 2011 gewonnen.
Mëtt 2011 sinn de Fränk Schleck (L), de Robert Wagner (D) an de Fabian Cancellara (CH) déi National Stroossemeeschteren an hire Länner ginn, an den Andy Schleck (L) gouf zweeten am Tour de France.
2014 huet Trek d'Lizenz eleng iwwerholl an eng US-amerikanesch Ekipp draus gemaach.
Team-Bezeechnungen am Laf vun der Zäit
[änneren | Quelltext änneren]- 2011 Leopard Trek (LEO)
- 2012 RadioShack-Nissan (RNT)
- 2013 RadioShack-Leopard (RLT)
- 2014-2015 Trek Factory Racing (TFR)
- 2016 Trek-Segafredo (TFS)
Coureuren an der Ekipp
[änneren | Quelltext änneren]Team roster | |||
---|---|---|---|
Coureur | Gebuertsdatum | Staat | Ekipp virdrun |
Fumiyuki Beppu | 10. Abrëll 1983 | Japan | |
Julien Bernard | 17. Mäerz 1992 | Frankräich | SCO Dijon-Team Material-velo.com (2015) |
Gianluca Brambilla | 22. August 1987 | Italien | Quick-Step Floors (2017) |
Giulio Ciccone | 20. Dezember 1994 | Italien | Bardiani CSF (2018) |
William Clarke | 11. Abrëll 1985 | Australien | EF Education First-Drapac (2018) |
Nicola Conci | 5. Januar 1997 | Italien | Zalf Euromobil Désirée Fior (2017) |
Koen de Kort | 8. September 1982 | Holland | Giant-Alpecin (2016) |
John Degenkolb | 7. Januar 1989 | Däitschland | Giant-Alpecin (2016) |
Niklas Eg | 6. Januar 1995 | Dänemark | Virtu Cycling (2017) |
Fabio Felline | 29. Mäerz 1990 | Italien | Androni Giocattoli-Venezuela (2013) |
Alex Frame | 18. Juni 1993 | Neiséiland | JLT Condor (2017) |
Michael Gogl | 4. November 1993 | Éisträich | Tinkoff (2016) |
Markel Irizar (1. Jan.–3. Aug.) | 5. Februar 1980 | Spuenien | Team RadioShack (2011) |
Alex Kirsch | 12. Juni 1992 | Lëtzebuerg | WB-Aqua Protect-Veranclassic (2018) |
Bauke Mollema | 26. November 1986 | Holland | Belkin (2014) |
Matteo Moschetti | 14. August 1996 | Italien | Polartec-Kometa (2018) |
Ryan Mullen | 7. August 1994 | Irland | Cannondale-Drapac (2017) |
Jarlinson Pantano (1. Jan.–1. Mee) | 19. November 1988 | Kolumbien | IAM Cycling (2016) |
Mads Pedersen | 18. Dezember 1995 | Dänemark | Stölting Service Group (2016) |
Richie Porte | 30. Januar 1985 | Australien | BMC Racing Team (2018) |
Kiel Reijnen | 1. Juni 1986 | USA | UnitedHealthcare (2015) |
Toms Skujiņš | 15. Juni 1991 | Lettland | Cannondale-Drapac (2017) |
Peter Stetina | 8. August 1987 | USA | BMC Racing Team (2015) |
Jasper Stuyven | 17. Abrëll 1992 | Belsch | Bontrager (2013) |
Edward Theuns | 30. Abrëll 1991 | Belsch | Team Sunweb (2018) |
Source: UCI |
Nott: Fumiyuki Beppu
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Team Leopard Trek – Biller, Videoen oder Audiodateien |