Wouter Weylandt

Vu Wikipedia
Wouter Weylandt
Gebuer 27. September 1984
Gent
Gestuerwen 9. Mee 2011
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Vëlossportler
Gréisst 184 Zentimeter
Gewiicht 72 kg
Veräin/Ekipp Etixx-Quick Step,
Trek-Segafredo

De Wouter Weylandt, gebuer de 27. September 1984 zu Gent a gestuerwen den 9. Mee 2011 zu Mezzanego[1], war e belsche Vëlossportler.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Wouter Weylandt huet 2004 d'U23-Course vum Grand Prix Waregem gewonnen. Am Hierscht ass hie fir Quick·Step-Innergetic als Stagiaire gefuer a krut doropshin e Profi-Kontrakt fir 2005 bei der ProTour-Ekipp. 2005 huet hien de GP Briek Schotte gewonnen. Seng gréisst Succèsen hat e bei Etappevictoirë bei der Vuelta a España 2008 an dem Giro d'Italia 2010.

Fir d'Saison 2011 ass e vu Quick Step bei déi nei gegrënnten Ekipp Leopard Trek gewiesselt.

Déidlechen Accident[änneren | Quelltext änneren]

Den 9. Mee 2011 ass de Weylandt beim Giro d'Italia bei der Descente vum Passo del Bocco gefall, ronn 25 Kilometer virun der Arrivée zu Rapallo. Hien hat eng Schiedelbasisfraktur an ass nach op der Plaz vum Accident gestuerwen.[2]

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

2004

2005

2007

2008

2009

2010

Ekippen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wouter Weylandt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Wouter Weylandt nach Sturz gestorben; Tageblatt Online, 9. Mee 2011.
  2. Giro d'Italia: Belgischer Radprofi stirbt nach Sturz; Spiegel-Online, 9. Mee 2011.