Rapallo

Vu Wikipedia
Panoramavue vu Rapallo


Rapallo
Land Italien
Regioun Ligurien
Provënz Genua
Koordinaten 44°21'N, 9°14'O
Fläch 33,61 km²
Awunner 29.103 (1. Januar 2023)
Héicht 3 m
ISTAT 010046

Rapallo ass eng Stad an der Regioun Ligurien an an der Provënz Genua.

Rapallo ass déi gréisst Uertschaft mat Plage op der Riviera di Levante. Se läit 33 km südëstlech vu Genua. 10 respektiv 5 km vu Rapallo ewech leien och déi vun Touriste staark besicht Uertschafte Portofino a Santa Margherita Liguri.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1494 gouf Rapallo vun der Arméi vum Karel VIII. gestiermt a sämtlech Awunner, mat Fraen a Kanner, goufen dobäi ëmbruecht. Dëse Massaker war eng Revanche fir de Versuch vu Rapallo, d'Truppe vum Karel VIII. bei hirem Marsch op Neapel opzehalen.

Rapallo ass doriwwer eraus bekannt well am 20. Joerhonnert do zwéin international Traitéen ofgeschloss goufen: Den 12. November 1920 huet sech Italie mat dem Kinnekräich vun de Serben, Kroaten a Sloweenen (dem spéidere Jugoslawien) zu Rapallo iwwer Grenzfroe gëeenegt.

Weltgeschichtlech bekannt gouf d'Stad Rapallo duerno duerch dee sougenannte Vertrag vu Rapallo, deen de 16. Abrëll 1922 tëscht Däitschland a Russland ofgeschloss gouf. D'Ausseministere Rathenau (Däitschland) an Tschitscherin (Russland) goufe sech do iwwer e Verzicht op Reparatiounsgeld an och iwwer eng erneit Opnam vun diplomatesche Bezéiungen eens, eppes wat deemools vun de Westmächten net gutt opgeholl gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Rapallo – Biller, Videoen oder Audiodateien