Portofino

Vu Wikipedia


Portofino
PortofinoWopen.gif
Portofino, Liguria (8859767966).jpg
Land Italien
Regioun Ligurien
Provënz Genua
Koordinaten 44°18'15,27"N, 9°12'25,78"O
Fläch 2,53 km²
Awunner 401 (1 Januar 2018)
Héicht 3 m
ISTAT 010044
Den Hafe vu Portofino

Portofino (lat. Portus Delphini) ass eng italieenesch Uertschaft a Gemeng a Ligurien ëstlech vu Genua. Déi landschaftlech Lag, besonnesch déi vu sengem klengen Hafen, ass aussergewéinlech. Dofir ass Portofino sou bekannt ginn a zitt haut vill Touristen un. An der Noperschaft vu Portofino läit Rapallo, eng aner geschichtlech bekannt a kuckeswäert Uertschaft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zur réimescher Zäit war d'Bucht vu Portofino, wéi d'Ausgruewungen noweisen, scho besidelt.

Souwoul Byzantiner wéi och Langobarden hu schonn dës Bucht bewunnt. Am Joer 986 sinn d'Bucht an d'Duerf vu Portofino dunn an de Besëtz vun der Benediktinerabtei vu San Fruttuoso komm. Aus dem Éischte Kräizzuch sinn d'Reliquie vum hellege Georg op Portofino bruecht ginn, wou se nach haut an der Chiesa di San Giorgio sinn.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Piazzetta
  • De Castello Brown
  • D'Kierch vu San Giorgio

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

  • Déi nächst Gare ass zu Rapallo
  • Eng schmuel Strooss féiert laanscht d'Mier op Rapallo
  • Am Hafe vu Portofino kann een d'Jachte vu ville Prominenten, déi vun iwwerall hierkommen, gesinn.
Eng typesch Villa, eng Landmaark am Agank vum Hafe vu Portofino