Maurice Garin

Vu Wikipedia
Maurice Garin
Gebuer 3. Mäerz 1871
Gestuerwen 18. Februar 1957
Lens
Nationalitéit Kinnekräich Italien, Frankräich
Aktivitéit Vëlossportler
Veräin/Ekipp La Française
De Maurice Garin (1897)
De Garin mat sengem Masseur a sengem Bouf 1903

De Maurice Garin gebuer den 3. Mäerz 1871 zu Arvier an Italien a gestuerwen den 19. Februar 1957 zu Lens war e franséische Vëlossportler an Tour de France Gewënner

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Maurice Garin war Italieener, hat sech awer als Fransous naturaliséiere gelooss. Vu Beruff war hie Schaarschtechbotzert, wat him de Spëtznumm petit ramoneur abruecht huet. Seng Gréisst, 1,62 m fir 60 kg, huet him och nach d'Spëtznimm le petit matelot a le bouledogue blanc vermaach.

Hie gouf säi Beruff op fir Vëloscoureur ze ginn, a mat 32 Joer gewënnt hien 1903 den Tour de France, deen dat Joer fir d'éischt gefuer gouf. Beim Tour vun 1904 gëtt hien op zweiwelhaft Aussoen hin deklasséiert an e gëtt fir zwee Joer suspendéiert.

Doropshin hält hie mam Vëlossport op, an installéiert sech zu Lens als Vëloshändler a Mecanicien, bis zu sengem Doud den 19. Februar 1957.

Nom Zweete Weltkrich grënnt hien d'Ekipp Garin. Hir Faarwe si rout a wäiss an den Hollänner Piet Van Est gewënnt ënner dëse Farwen 1950 an 1952 Bordeaux – Paräis

De Maurice hat zwéi Bridder, déi och Course gefuer sinn:

1997 gouf hien an d'Lëscht vun de Gloires du sport opgeholl.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

  • 1893: Dinant - Namur - Dinant
  • 1893: Huit cents kilomètres de Paris (op der Pist)
  • 1894: Vingt-quatre heures de Liège (op der Pist)
  • 1894: Prix d'Avesnes-sur-Helpe
  • 1895: Vingt-quatre heures des Arts libéraux de Paris (op der Pist)
  • 1895: Guingamp - Morlaix - Guingamp
  • 1894: Paris-Saint-Malo
  • 1895: Weltrekord op 500 km op der Strooss hanner engem Hues: 15 h 02' 32", tëscht dem 3. a 4. Februar
  • 1896: Paris-Le Mans
  • 1896: Paris-Mons
  • 1896: Liège-Thuin
  • 1896: 3. am Paris - Roubaix
  • 1897: Paris - Roubaix
  • 1897: Paris - Royan
  • 1897: Paris - Cabourg
  • 1897: Tourcoing - Béthune - Tourcoing
  • 1898: Paris - Roubaix
  • 1898: Tourcoing - Béthune - Tourcoing
  • 1898: Valenciennes-Nouvion-Valenciennes
  • 1898: Douai-Doullens-Douai
  • 1898: Cinquante kilomètres d'Ostende (op der Pist)
  • 1898: 2. am Bordeaux – Paräis
  • 1899: 3. am Bordeaux-Paräis
  • 1899: 3. am Bol d'Or (op der Pist)
  • 1900: 2. am Bordeaux - Paräis
  • 1900: 2. am Bol d'Or
  • 1900: 3. am Paris - Roubaix
  • 1901: Paris - Brest - Paris
  • 1902: Bordeaux - Paräis
  • 1903: Tour de France + 3 Etappen
  • 1904: 1. am Tour de France, deklasséiert no 4 Méint well e sollt gefuddelt hunn op Zeienaussoen hin, déi net ganz glafwierdeg waren. Hie bestreit dat och vehement säi ganzt Liewe laang. Op deem Tour hat hien zwou Etappe gewonnen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maurice Garin – Biller, Videoen oder Audiodateien