Côte de la Roche-aux-faucons

Vu Wikipedia
Den Andy Schleck 2009 an der Côte de la Roche-aux-faucons bei senger Attack op de Philippe Gilbert

D'Côte de la Roche-aux-faucons ass e Stouss an der Provënz Léck an der Gemeng Esneux deen zanter 2008 op der Streck vu Léck-Baaschtnech-Léck steet.

En ass um km 246 an et geet 1,6 km biergop mat enger Pente vun 10 %. De Stouss ass méi kuerz wéi d'Opfaart op de Sart-Tilman déi en ersetzt dofir awer vill méi géi an d'Strooss ass plazeweis ganz schmuel. 2013 gouf e wéinst Stroossenaarbechten net gefuer.

De Stouss fänkt an der klenger Uertschaft Méry un, gläich nodeem d'Strooss d'Barriär vun der Linn 43 passéiert huet. Vu Méry-haut u geet et da manner géi erop bis op Hony wou de géisten a schmuelsten Deel ufänkt. Nom Plateau vun Avister kënnt nach e leschte géie Stouss deen no bei der Roche-aux-faucons ufänkt, fir dann op d'Waasserscheed Ourthe-Meuse bei Boncelles ze féieren. Vun do aus geet et dann nees biergof bis op Ougrée