Op den Inhalt sprangen

Tour de France 1913

Vu Wikipedia
Tour de France 1913
Detailer
Course11. Tour de France
Etappen15
Datumer29. Juni – 27. Juli 1913
Distanz5.388 km
LännerFRA Frankräich
SUI Schwäiz
DepartBoulogne-Billancourt
ArrivéeParäis
Um Depart140
Ukomm25
Vitess (Moyenne)27,23 km/h
Palmarès
GewënnerBEL Philippe Thys (Peugeot-Wolber)
ZweetenFRA Gustave Garrigou
DrëttenBEL Marcel Buysse
19121914
Dokumentatioun

Den 11. Tour de France gouf vum 29. Juni bis de 27. Juli 1913 a 15 Etappe gefuer mat enger Totaldistanz vu 5.388 km.

  • D'Generalklassement gouf erëm op d'Zäit gemaach an dee System blouf definitiv bestoen.
  • Den Depart vum Tour war zu Boulogne-Billancourt an d'Arrivée am Parc des Princes. Et war fir d'éischt wou den Tour den ëmgedréinte Wee gefuer ass.
  • Den Tour vun 1913 war markéiert duerch Accidenter a ganz vill Abandonen.
  • Trotzdeem datt déi aner Ekippe sech zesummegedoen hate fir d'Ekipp Peugeot kleng ze kréien, konnt dës Ekipp awer déi 3 éischt Plazen am Generalklassement besetzen.
  • Den Eugène Christophe, dee mat sengem Coequipier Thys an der Etapp vu Luchon ugaange war a virtuellen Éischten um Tourmalet war, hat do onglécklecherweis seng Gafel gebrach. Well all Hëllef verbuede war huet hie seng Gafel selwer bei engem Schmadd gefléckt. Hien hat all Chancen op den Tourgewënn verluer, mä en ass an d'Geschicht vum Tour agaangen.
  • De Lucien Petit-Breton, vun der Ekipp « Automoto », war nach am Kampf fir d'Schlussklassement wéi en huet missen an der 14. Etapp opginn well hie schwéier gefall war. An der selwechter Etapp ass och dee bis dohin Éischten am General, de Philippe Thys, gefall an dat huet hien 10 Minutte kascht. Hie blouf awer ganz knapps vir am Generalklassement.
  • Moyenne vum Gewënner: 27,23 km/h.
Etapp Datum Etappe-Stied km Gewënner vun der Etapp Generalklassement
1.29. JuniParäis - Le Havre388 Giovanni Micheletto Giovanni Micheletto
2.1. JuliLe Havre - Cherbourg364BEL Jules MasselisBEL Jules Masselis
3.3. JuliCherbourg - Brest405FRA Henri PélissierBEL Odile Defraye
4.5. JuliBrest - La Rochelle470BEL Marcel BuysseBEL Odile Defraye
5.7. JuliLa Rochelle - Bayonne379BEL Henri Van LerbergheBEL Odile Defraye
6.9. JuliBayonne - Luchon326BEL Philippe ThysBEL Philippe Thys
7.11. JuliLuchon - Perpignan324BEL Marcel BuysseBEL Marcel Buysse
8.13. JuliPerpignan - Aix-en-Provence325FRA Gustave GarrigouBEL Marcel Buysse
9.15. JuliAix-en-Provence - Nice356BEL Firmin LambotBEL Philippe Thys
10.17. JuliNice - Grenoble333LUX François FaberBEL Philippe Thys
11.19. JuliGrenoble - Genf325BEL Marcel BuysseBEL Philippe Thys
12.21. JuliGenf - Belfort335BEL Marcel BuysseBEL Philippe Thys
13.23. JuliBelfort - Longwy325LUX François FaberBEL Philippe Thys
14.25. JuliLongwy - Dunkerque393BEL Marcel BuysseBEL Philippe Thys
15.27. JuliDunkerque - Paräis340BEL Marcel BuysseBEL Philippe Thys

Generalklassement

[änneren | Quelltext änneren]
Generalklassement
1. BEL Philippe Thys 197h 54'
2. FRA Gustave Garrigou op 8'37"
3. BEL Marcel Buysse op 3h 30'55"
4. BEL Firmin Lambot op 4h 12'45"
5. LUX François Faber op 6h 26'4"
6. BEL Alphonse Spiessens op 7h 27'52"
7. FRA Eugène Christophe op 14h 6'35"
8. Camillo Bertarelli op 14h 21'38"
9. BEL Joseph van Dael op 16h 39'53"
10. FRA Émile Engel op 16h 52'34"


Tour de France
1903 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 | 32 | 33 | 34 | 35 | 36 | 37 | 38 | 39 | 47 | 48 | 49 | 50 | 51 | 52 | 53 | 54 | 55 | 56 | 57 | 58 | 59 | 60 | 61 | 62 | 63 | 64 | 65 | 66 | 67 | 68 | 69 | 70 | 71 | 72 | 73 | 74 | 75 | 76 | 77 | 78 | 79 | 80 | 81 | 82 | 83 | 84 | 85 | 86 | 87 | 88 | 89 | 90 | 91 | 92 | 93 | 94 | 95 | 96 | 97 | 98 | 99 | 2000 | 01 | 02 | 03 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26