Op den Inhalt sprangen

Tour de France 1906

Vu Wikipedia
Tour de France 1906
Detailer
Course4. Tour de France
Etappen13
Datumer4. – 29. Juli 1906
Distanz4.545 km
LännerFRA Frankräich
GER Däitschland
DepartVëlodrom Buffalo
ArrivéeParäis
Um Depart78
Ukomm14
Vitess (Moyenne)24,463 km/h
Palmarès
GewënnerFRA René Pottier
ZweetenFRA Georges Passerieu
DrëttenFRA Louis Trousselier (Peugeot-Wolber)
19051907
Dokumentatioun

Den Tour de France 1906 ass vum 4. bis den 29. Juli gefuer ginn, an tëscht den Etappen ass et all Kéier e Roudag ginn. D'Klassement war no Punkten.

Et war den éischten Tour, bei deem d'Flamme rouge, de leschte Kilometer vun der Etapp ugewisen huet.

Et goufen 13 Etappe gefuer, dat heescht zwou Stéck méi wéi dat Joer virdrun. D'Etappe waren och méi laang ginn, soudatt den Tour am Ganze méi wéi d'Hallschent méi laang war, wéi dat Joer virdrun. Déi 7. Etapp war mat 480 km, déi längst déi jee an engem Tour gefuer gouf.

Vun de 76 Coureuren um Depart sinn der nëmme 14 zu Paräis ukomm.

Et war den éischten Tour deen duerch d'Ausland gefouert huet, an zwar mat Strecken duerch Däitschland, Italien a Spuenien.

De René Pottier deen als den éischte Biergspezialist gëllt, war de Gewënner vum Tour. Hien hat et fäerdeg bruecht fir seng Konkurenten am Ballon d'Alsace stoen ze loossen, an e bis op d'Arrivée zu Dijon 47 Minutten ofzeknäppen.

EtappDatumEtappestiedtypeLängt (km)GewënnerGeneral­klassement
1. Etapp 4. Jul.Vëlodrom BuffaloLille275FRA Émile GeorgetFRA Émile Georget
2. Etapp 6. Jul.Douai – Nanzeg400FRA René PottierFRA René Pottier
3. Etapp 8. Jul.NanzegDijon416FRA René PottierFRA René Pottier
4. Etapp 10. Jul.DijonGrenobel311FRA René PottierFRA René Pottier
5. Etapp 12. Jul.GrenobelNice345FRA René PottierFRA René Pottier
6. Etapp 14. Jul.NiceMarseille308FRA Georges PasserieuFRA René Pottier
7. Etapp 16. Jul.MarseilleToulouse480FRA Louis TrousselierFRA René Pottier
8. Etapp 18. Jul.Toulouse – Bayonne300FRA Jean-Baptiste DortignacqFRA René Pottier
9. Etapp 20. Jul.Bayonne – Bordeaux338FRA Louis TrousselierFRA René Pottier
10. Etapp 22. Jul.BordeauxNantes391FRA Louis TrousselierFRA René Pottier
11. Etapp 24. Jul.NantesBrest321FRA Louis TrousselierFRA René Pottier
12. Etapp 26. Jul.BrestCaen415FRA Georges PasserieuFRA René Pottier
13. Etapp 29. Jul.CaenParäis246FRA René PottierFRA René Pottier
4. Tour de France 1906 - Generalklassement
Distanz13 Etappen, 4546 km
1.FRA René Pottier31 P.
189:34:00 h
(23,981 km/h)
2.FRA Georges Passerieu39 P.
3.FRA Louis Trousselier59 P.
4.FRA Lucien Petit-Breton65 P.
5.FRA Émile Georget80 P.
6.BEL Aloïs Catteau129 P.
7.FRA Édouard Wattelier137 P.
8.FRA Léon Georget152 P.
9.FRA Eugène Christophe156 P.
10.FRA Antoine Wattelier168 P.
 Commons: Tour de France 1906 – Biller, Videoen oder Audiodateien