D'Belle Époque

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Andy Bausch sengem Film. Fir aner Filmer a Bedeitungen, kuckt wgl. Belle Époque (Homonymie).
D'Belle Époque
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2010-2012
Première 16. Mäerz 2012
Dauer 98 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Andy Bausch
Dréibuch Andy Bausch
Fotografie Carlo Thiel
Musek Serge Tonnar a Georges Urwald
Schnëtt Misch Bervard
Dekoren François Dickes
Produzent Paul Thiltges
David Grumbach
Produktiouns-
gesellschaft
Paul Thiltges Distributions
Schauspiller
Vicky Krieps als Belle
Gintare Parulyte als Betty
Marco Lorenzini
Myriam Muller
Steve Karier als Batty Weber
Serge Wolff
Pitt Simon
Ender Frings
Tom Leick
Jules Werner
Frank Sasonoff
Nilton Martins
Max Thommes
Jean-Paul Raths
Fred Frenay
Pol Hoffmann
Henri Losch
Finnur Dór Thordarson
Gilles Soeder
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

D'Belle Époque ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Andy Bausch.

En ass de 16. Mäerz 2012 an de Kinoen ugelaf.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film retracéiert, unhand vun Dokumenter an nogespillten Zeenen, d'Zäit vun der sougenannter Belle Époque zu Lëtzebuerg.

Thematiséiert ginn, an engem Réckbléck vum August 1914 aus, ë. a. d'Arbed mat hiren neie Schmelzen, d'italieenesch Immigratioun, d'Groussherzogin Marie-Adelaïde, d'Thermalbad Munneref, de John Grün, d'Schueberfouer, dem C. M. Spoo seng Ried op Lëtzebuergesch an der Chamber, d'Entstoe vu politesche Parteien a Gewerkschaften, de François Faber, d'Fotografe Charles Bernhoeft a Batty Fischer, de Staatsminister Paul Eyschen, de „rouden Dokter" Michel Welter, de Päerdstram an de Jangli, d'Adolphe-Bréck, d'Schampesfabréck Mercier et Cie., d'Aline an den Emile Mayrisch, de Streik op der Déifferdenger Schmelz 1912, de Michel Theato, déi éischt Foussballclibb, déi éischt Fligeren, d'Zeitunge vun deemools, dorënner Der arme Teufel, de Café Jentgen op der Place d'Armes, de Batty Weber, de Litty, dem Buffalo Bill seng Wild West Show, den Hauptmann von Köpenick, déi éischt Kinosbuden[1]

Soss[änneren | Quelltext änneren]

2012 waren 1.700 Leit de Film an de Kino kucken.[2] E koum am Dezember 2012 op DVD eraus.

De Regisseur Andy Bausch huet am Hierscht 2010 ugefaange, fir de Film ze schaffen. Vun de 97 Minutten am Film sinn der iwwer 40 Minutten nogestallten Zeenen.[3] Si goufe wärend 8 Filmdeeg an engem Studio zu Konter an an der Stater Villa Baldauff gedréint.[1]

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

D'Christiane Walerich vu Woxx schreift:[4]

Auch wenn es dem Regisseur insgesamt gelungen ist, einen schlüssigen Bogen für seine Geschichte zu schlagen, so wirkt das Blättern in den Postkarten, das Aufzählen prägender Begebenheiten und Persönlichkeiten zuweilen doch etwas enzyklopädisch und monoton. Wie so oft wäre auch hier weniger mehr gewesen. Andy Bausch verfolgt in seiner „Belle Epoque“ keine analytische, kritische Herangehensweise, sondern lässt eine Anzahl kleiner Anekdoten, die wahllos aneindergereiht sind, für sich selbst sprechen. Damit eröffnet er keine neue Sichweise auf diese turbulente Zeit, sondern ruft sie lediglich in Erinnerung. Auch wenn er zuweilen originelle Kameraeinstellungen wählt, ist der Film, mit seinem Fleißarbeitscharakter, im Ganzen schwerfällig.

D'Desislava Schengen vum Tageblatt schreift:[5]

[D]ie Rolle der Belle der jungen Vicky Krieps, die heute vor einer Woche den „Lëtzebuerger Filmpräis“ als bestes Nachwuchstalent erhielt, [bietet] kaum Möglichkeiten, ihr schauspielerisches Talent, an dem wir nicht zweifeln, unter Beweis zu stellen. Zu kurz sind die Ausschnitte, in denen man sie erlebt, zu flach die Dialoge. Aber schlussendlich ging es Andy Bausch ja auch nicht darum. Vielmehr wollte der Regisseur, von dem auch die Idee zum Film stammt, dem Zuschauer die Zeit des Jugendstils in Luxemburg näherbringen. Das gelingt ihm jedoch nur teilweise. Denn leider ist es so, dass der Film eine viel zu große Menge an Informationen aus den verschiedensten gesellschaftlichen, politischen, sportlichen – et j'en passe – Bereichen zu vermitteln versucht.

D'Villa Baldauff, an där verschidden Zeene gedréint goufen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 wort.lu: La Belle Epoque vue par Andy Bausch (3. Mäerz 2012)
  2. Pressecommuniqué vun der F.L.E.C, 2013-01-10.
  3. lessentiel.lu: «Aller fouiller dans le passé du Luxembourg» (14. Mäerz 2012)
  4. woxx.lu: ANDY BAUSCH: Gute Zeiten, schlechte Zeiten vum Christiane Walerich (22. Mäerz 2012)
  5. tageblatt.lu: Eine nette Idee vum Desislava Schengen (16. Mäerz 2012)