Streik op der Déifferdenger Schmelz 1912

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Streik op der Déifferdenger Schmelz vum 26. Januar 1912 ass dee bis ewell eenzege Streik zu Lëtzebuerg, bei deem et Doudesaffer gouf: 4 Leit sinn vun der Gendarmerie erschoss ginn.

Haaptgrond vum Streik op der Déifferdenger Schmelz, déi dunn der Deutsch-Luxemburgische Bergwerks- und Hütten-AG gehéiert huet, war d'Aféiere vun enger obligatorescher Cotisatioun vu 70 Pfenneg an d'Renten- an Invalidekeess, déi vum Loun ofgehale gouf. Dëst gouf virun allem vun den Italiener déi do déi penibelst Aarbechten hu misse maachen (virun allem an der Mëllerei), net akzeptéiert - ë. a. och well si gefaart hunn, do näischt dovun ze hunn, wa se am Alter nees an Italie wieren. Fir si war et soss näischt wéi eng Kierzung vun hirer schonn niddreger Paie.[1]

340 italienesch Aarbechter hunn dofir hir Aarbecht niddergeluecht an hu mat roude Fändelen zu Déifferdeng an zu Uewerkuer e Cortège duerch d'Stroosse gemaach. Géint Mëtteg waren se virun der Entréespaart fir an d'Schmelz ukomm, wou net nëmme Familljemembere versammelt waren, fir de Mëtteskascht ze bréngen, mä och 18 Gendaarmen. D'Demonstranten hunn hinnen d'Iessen ofgeholl an an de Kulang gehäit.[1] Fir d'Leit virun der Paart ewechzekréien, huet d'Direktioun d'Wierkspopjeeë geruff an de Buergermeeschter Emile Mark gouf erbäitelefonéiert. D'Stëmmung ass eskaléiert; Steng goufen op d'Pompjeeë geheit, d'Paart vun der Schmelz gouf opgebrach an d'Grevisten hu sech an den Haff eragedréckt. D'Police huet sech bis bei d'Héichiewen zréckgezunn, eenzel Gendaarme hu sech an d'Trape gestallt.[2] Wéi d'Grevistë méi no koumen huet de Mark den Uerder ginn, ze schéissen.[1]

3 bis 4 Minute laang gouf geschoss ier d'Italiener gewach sinn. Um Terrain vun der Schmelz hu se sämtlech Fënstere futti geschloen. Owes si se nach eng Kéier virun d'Portal komm. Nees si Schëss gefall, et gouf een Doudegen a Verwonnter[2]

Am Ganze goufe 4 Leit erschoss (dorënner en 13 Joer ale Bouf, dee sengem Papp d'Iesse wollt bréngen) a 6 schwéier blesséiert.

Eréischt den 30. Januar hunn d'Italiener nees hir Aarbecht opgeholl, nodeem se vun der Direktioun e puer finanziell Zougeständneësser gemaach kritt haten.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Christian Calmes, 1976: Déi bluddeg Grève zu Déifferdang vum 26. Januar 1912. Déifferdanger Volleksbildungsveräin.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 "Der blutige Streik vom 26. Januar 1912: 4 Tote und 6 Schwerverwundete." op differdange.lu (gelies de 27.01.2012).
  2. 2,0 2,1 2,2 Calmes an der Literatur.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]