Diskussioun:Streik op der Déifferdenger Schmelz 1912

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

http://s7.directupload.net/images/120214/ixydxdb3.jpg

-- 213.31.217.82 10:48, 14. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Merci fir de Link. Hutt Dir dat dohinner eropgelueden? Falls jo: hätt Der méi Informatiounen iwwer d'Foto, virun allem de Fotograf? Falls dee bekannt wier, a méi wéi 70 Joer dout ass, wier d'Foto nämlech am Domaine public, a kinnt an den Artikel agesat ginn. --Zinneke 11:07, 14. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Salut,

Ech krut d'Foto per email zougeschéckt, de gudde Mann huet mir confirméiert, datt déi Foto vun der Gemeng Déifferdeng ass. Méi Informatiounen huet den Här leider och net.

Déi Foto ass a méi klenger Opléisung och op der Websäit vum Jeudi ze fannen, an op där vun der Gemeng Déifferdeng.

An niergends steet e Copyright, dann huelen ech un, datt déi Foto schonn domaine public ass. :-) -- 213.31.217.82 14:21, 15. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Merci fir déi weider Infoen! Mat Hëllef vum Jeudi-Artikel bauen ech den Artikel méi spéit nach e bëssen aus. Do steet, de Forograf wier de Polizeikommissär gewiescht. Wa mer deem Mann säin Numm hätten (an Idealerweis säin Doudesdatum), wiere mer der Saach scho ganz no. De Fait, datt zu Lëtzebuerg a Publikatiounen de Copyright alt emol "vergiess" gëtt, ass keng Seltenheet, an dofir leider net Indiz genuch, dervunner auszegoen, dass, wann näischt do stéing, eng Foto am Domaine public wier. Falls Dir méi zum Thema wësst, kënnt Der dat natierlech och am Artikel abauen; deen huet duerchaus nach "Ausbaupotential"! --Zinneke 14:37, 15. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]