Deutsch-Luxemburgische Bergwerks- und Hütten-AG

Vu Wikipedia
D'Konverteren op der Déifferdenger Schmelz, uganks 1900.

D'Deutsch-Luxemburgische Bergwerks- und Hütten-AG (Deutsch-Lux ofgekierzt), war eng eng däitsch-lëtzebuergesch Stolgesellschaft. Si ass 1901 entstanen, wéi d'Berliner Bank mat Aktionär vun der Société anonyme des hauts-fourneaux de Differdange gouf. Déi Entreprise huet virun allem d'Schmelz vun Déifferdeng bedriwwen.

Wéi den Éischte Weltkrich ausgebrach ass, huet se hir Produktioun missen astellen, mä si ass 1916 domat virugefuer, an huet virun allem fir d'däitsch Krichsindustrie produzéiert. Doduerch gouf d'Déifferdenger Schmelz en Zil fir franséisch Loftugrëffer; e puer Haiser zu Déifferdeng (mä net d'Schmelz) goufen doduerch beschiedegt oder zerstéiert.

Um Enn vum Krich hunn d'Fransousen d'Schmelz konfiszéiert. De 24. Februar 1920 gouf de lëtzebuergesche Besëtz vun der Deutsch-Lux vun der Hadir, enger nei gegrënnter Gesellschaft mat franséischem a belschem Kapital, iwwerholl.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]