Op den Inhalt sprangen

Émile Mark

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Emile Mark)
Émile Mark
Gebuer 18. Juli 1874
Déifferdeng
Gestuerwen 19. Mee 1935
Déifferdeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Veterinär

Den Dr Émile Mark, gebuer den 18. Juli 1874 a gestuerwen den 19. Mee 1935 zu Déifferdeng[1], war e lëtzebuergesche Politiker (LSAP) a Veterinär.

Hie war Véidokter vu Beruff. Vun 1908 bis 1919 a vun 1925 bis 1935 war hie fir de Kanton Esch-Uelzecht, a vun 1922 bis 1925 fir de Bezierk Zentrum, Deputéierten an der Chamber a vun 1912 bis 1935 war e Buergermeeschter vun Déifferdeng.

Zu sengen Éiere gouf 1936 d'Avenue Max Meier zu Déifferdeng an Avenue Émile Mark ëmgenannt.

Den 9. August 1936 gouf am Park Gerlache e Monument zu Éiere vum Emile Mark ageweit.[2] D'Monument gouf vum Claus Cito entworf.[3] 2010 gouf d'Monument no engem neien Amenagement vum Park Gerlache op déi haiteg Plaz Eck Rue Adolphe-Krieps a Rue Michel-Rodange geréckelt.[4]

  • Bodry, A. & B. Fayot, 2016. 120 Jor sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber (1896 - 2016) : dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des députés. La mémoire socialiste, Luxembourg, 329 p.
  • Maas, J., 2010. Emile Mark, figure de proue du Bloc des Gauches. Le contexte général des luttes idéologiques au tournant du 19e et 20e siècles. In: Galerie, Revue culturelle et pédagogique 28 (2010), Nr. 2, S.199-207.
Commons: Émile Mark – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Doudesannonce vum Emile Mark am Escher Tageblatt vum 22. Mee 1935 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 22. Dezember 2022
  2. Inauguration du Monument d’Emile Mark à Differdange am Luxemburger Wort vum 10. August 1936 op eluxemburgensia.lu
  3. Artikel iwwer d'Brochure vum Monument zu Éiere vum Emile Mark am Tageblatt vum 11. Juli 1936 op eluxemburgensia.lu
  4. Emile-Mark-Denkmal vum Claus Cito op mywort.lu (N.B. Den Datum vun der Aweiung deen an dësem Artikel genannt gëtt ass dee vun der geplangter Aweiung déi awer 1936 verluecht gi war. Cf Luxemburger Wort vum 29. Juli 1936)
  5. Memorial A N° 4 vun 1929 mat der Lëscht vun de Leit déi 1929 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen
  6. Le maréchal Foch à Luxembourg op der Säit 2 vu L'indépendance luxembourgeoise vum 15. Juni 1919 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 22. Dezember 2022