Max Meier
Max Meier | |
---|---|
![]() De Max Meier (mat Meloun) a Mataarbechter virum Büro vun der Déifferdenger Schmelz | |
Gebuer | 2. Oktober 1863 |
Gestuerwen | 4. Mäerz 1919 |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Metallurgist |
![]() |
De Max Meier, gebuer den 2. Oktober 1863 zu Reschitza a gestuerwen de 4. Mäerz 1919 zu Bismarckhütte) war en däitschen Entreprener.
Liewen[änneren | Quelltext änneren]


De Max Meier war de Jong vum Erfinder Eduard Meier. Hien ass zu Reschitza wou säi Papp bis 1880 eng Schmelz geleet huet, opgewuess. Hien huet Metallurgie zu Leoben, Breslau a Berlin studéiert. Duerno huet e bei der Phoenix AG für Bergbau und Hüttenbetrieb zu Ruhrort mat schaffen ugefaangen. 1893 ass e bei d' Eisenwerk Krämer op Sankt Ingbert gaangen, wou en d'Leedung vum Thomas-Stolwierk a vun der Walzstrooss iwwerholl huet. Enn 1895 gouf en techneschen Direkter vum Bau vun engem Stol- an e puer Walzwierker vun der Société Anonyme des Aciéries de Micheville zu Villerupt.
1898 huet d'Deutsch-Luxemburgische Bergwerks- und Hütten-AG en op Déifferdeng geschéckt, wou en en neit Stolwierk opriichte gelooss huet. Ënner senger Leedung gouf do fir d'éischt Kéier an Europa e Grey-Träger gewalzt.[1]
1908 gouf e Generaldirekter an techneschen ieweschten Direkter vum Walzwierk zu Bismarckhütte.
Zu Déifferdeng gouf 1904 eng Strooss no him Avenue Max Meier genannt. 1936 gouf se an Avenue Émile Mark ëmgenannt.
Wierk[änneren | Quelltext änneren]
- Die Herstellung der Halbfabrikate, Schienen, Schwellen und Träger. In: Stahl und Eisen – Zeitschrift für das Deutsche Eisenhüttenwesen, 1898, S. 1017
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Max Meier. In: Alfons Perlick: Oberschlesische Berg- und Hüttenleute: Lebensbilder aus dem oberschlesischen Industrierevier (= Quellen und Darstellungen zur schlesischen Geschichte, Bd. 6), 1953, S. 189-190
- Max Meier. In: Stahl und Eisen - Zeitschrift für das Deutsche Eisenhüttenwesen, Band 108, 1988, S. 922
- Meier, Max. In: Deutsche Biographische Enzyklopädie, Bd. 7, S. 31.
- Max Meier eins und zwei, In Déifferdang Magazin, Nr. 8/2013, Säit 16-17
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Stahl und Eisen: Zeitschrift für das Deutsche Eisenhüttenwesen, Band 72, 1952.