Max Thommes
Ausgesinn
Max Thommes | |
---|---|
Gebuer |
1987 Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schauspiller, Batteur |
De Max Thommes, gebuer 1987 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schauspiller.
Wärend senger Lycéeszäit huet hien an der Band Inborn d'Batterie gespillt a mat hir den Album Persona opgeholl.[1]
Hien huet op der Ernst-Busch Héichschoul fir Schauspillkonscht zu Berlin studéiert. Zënterhier hat hie verschidden Theaterrollen, ë. a. , op der Schaubühne zu Berlin an am Kapuzinertheater an der Stad.
Hien huet an der Sitcom Weemseesdet matgespillt, wéi och a Filmer wéi Diamant 13, Trouble No More an D'Symmetrie vum Päiperlek. Am Mammejong vum Jacques Molitor (2015) hat hien d'Haaptroll.
2016 huet hien den "Niewekommissär" an der Tatort-Serie gespillt, déi zu Freiburg spillt.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 2009: Diamond 13
- 2010: Trouble No More
- 2012: D'Symmetrie vum Päiperlek
- 2011–2012: Weemseesdet
- 2015: Mammejong
- 2015: Mister Rocket (Kurezfilm)
- 2016: Tatort: Fünf Minuten Himmel
- 2016: Egon Schiele: Tod und Mädchen
- 2016: Nothing to Hide (Dokumentarfilm)
- 2018: Kommissarin Heller: Vorsehung
- 2019: Kommissarin Heller: Herzversagen
- 2021: Kommissarin Heller: Panik
- 2022: Nord bei Nordwest: Wilde Hunde
- 2024: Blutige Anfänger: Stiller Alarm
- 2024: D'Land am Schiet - Regie: Lukas Grevis
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Informatiounen, wou net anescht uginn, sinn aus engem Telecransinterview "Was geht eigentlich gerade ab?" op filmreakter.lu, 25. Oktober 2015.