D'Land am Schiet
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Film | |
---|---|
Dauer | 75 min |
Faarf | Faarweg |
Ekipp | |
Regie | Lukas Grevis |
Dréibuch | Lukas Grevis |
Fotografie | Sven Ulmerich |
Musek | Tom Biren |
Produzent |
Lukas Grevis, Karin Weyer |
Schauspiller | |
Marie Jung, Jil Devresse, Max Thommes, Nora Koenig | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
D'Land am Schiet (engleschen Titel: The Land in the Shadows) ass e lëtzebuergesche Spillfilm vum Lukas Grevis aus dem Joer 2024, mam Max Thommes a mat der Marie Jung an den Haaptrollen. En hat seng Première den 8. Mäerz 2024 um LuxFilmFest a koum den 3. Oktober 2024 an de Kino.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]An engem klengen Duerf wëll eng Fra, déi e Café féiert, zesumme mat hirem Partner, e Kulturzentrum fir Flüchtlingen op d'Bee setzen. Enges Daags gëtt en Hond, deen eng Zort Duerfmaskottchen ass, um Bord vum Bësch erschoss opfonnt. Séier si sech eng Partie Leit sécher, wien dohannert stieche 'muss'...
Produktioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Produktioun vum Film gouf vum Familljeministère, dem Kulturministère, der Œuvre nationale an der Fondation Sommer ënnerstëtzt.[1]
De Film gouf bannet 10 Deeg zu Wäicherdang gedréint.[2]
Rezeptioun
[änneren | Quelltext änneren]De Chris Lauer schreift an der woxx[3]:
Mit ihrem Film [...] brechen Regisseur und Produzent*innen eine Lanze für gesellschaftlichen Zusammenhalt und eine offene Haltung gegenüber geflüchteten Menschen. Dabei greifen sie selbst auf Klischees zurück und lassen die Geflüchteten kein einziges Mal für sich selbst sprechen.
Am Luxemburger Wort fënnt d'Nora Schloesser[1]:
Lukas Grevis gelingt es, universelle Problematiken wie Rassismus, Fremdenfeindlichkeit, Patriotismus und Engstirnigkeit auf Luxemburg herabzubrechen und diese am Beispiel eines kleinen, fiktiven Dorfes zu veranschaulichen. [...] Schauspielerisch ist dem Film kaum etwas vorzuwerfen. Allerdings – und das ist das große Manko – haften die Dialoge zu sehr an der Oberfläche, sind schlichtweg zu flach. Ähnlich sieht es mit dem Storytelling aus: Der Kern ist vorhanden, aber der Stoff sowie die zwischenmenschlichen Beziehungen hätten weiterentwickelt und die Figuren stärker charakterisiert werden müssen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Nora Schloesser: Neuer Luxemburger Film warnt vor Radikalisierung." wort.lu, 03.10.2024.
- ↑ Marc Thill: " 'D‘Land am Schiet' zeigt Konflikte in Luxemburger Dorf." wort.lu, 06.03.2024.
- ↑ Chris Lauer: "Film 'D’Land am Schiet': Gut gemeint ist nicht immer gut gemacht." woxx.lu, 10.10.2024.