Marie Jung

Vu Wikipedia
Marie Jung
Gebuer 4. September 1985
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schauspiller
Famill
Papp André Jung
Geschwëster Sophie Jung
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Marie Jung, gebuer de 4. September 1985 zu Diddeleng, ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin.

Si huet vun 2005 bis 2009 um Max-Reinhardt-Seminar zu Wien eng Schauspillerausbildung gemaach. Vun 2009 bis 2012 war si Member vum Ensembel vum Theater Basel, a vun dunn, bis 2020, feste Member vum Ensembel vun de Münchner Kammerspiele[1], an dono vum Thalia Theater zu Hamburg. Zanter 2020 schafft si zu Lëtzebuerg.[2]

Nieft Theaterrolle spillt si och a Filmer mat.

2021 gouf si bei der Verdeelung vun de Lëtzebuerger Theaterpräisser an der Kategorie "Op der Bün" ausgezeechent.

D'Marie Jung ass d'Duechter vum André Jung.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hir Fiche bei der Agence Sandra Rudorff
  2. "Marie Jung." No Art on Air op tele.rtl.lu, 17.10.2020.