Sophie Jung

Vu Wikipedia
Sophie Jung
Gebuer 1982
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur, Fotograf
Famill
Papp André Jung
Geschwëster Marie Jung

D'Sophie Jung, gebuer 1982, ass eng lëtzebuergesch Kënschtlerin.

Si mécht Videoen, Performances, Installatiounen, Skulpturen, Fotoen a schreift Texter, a kombinéiert déi Ausdrocksweise mateneen.

D'Sophie Jung huet Fotografie a Mediekonscht op der Folkwang-Schoul zu Essen an op der Zürcher Hochschule der Künste studéiert, an dës Studien 2009, resp. 2011 op der Rietveld Academy zu Amsterdam, jeeweils mat engem BA ofgeschloss. Zanterhier mécht si en MA in Fine Arts bei Goldsmiths, University of London.[1]

Si krut 2013 den Edward Steichen Award Luxembourg.

D'Sophie Jung lieft a schafft zu Basel an zu London an ass d'Duechter vum André Jung an der Lony Hoffmann an d'Sëschter vun der Marie Jung a vum Max Krappatsch. Si ass d'Enkelin vun der Germaine Hoffmann a vum Léopold Hoffmann

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 2014 - Three Chords and the Truth, Centre d'Art Dominique Lang, Diddeleng
  • 2013 - Learning About Heraldry, Ceri Hand Gallery, London
  • 2013 - Touch that Angel, Touch my Angle, AICA Kiosk, Stad Lëtzebuerg
  • 2012 - I Like the Way I Cut the Apple, Looks like a Photo of my Mum, Photo Levallois, Paräis
  • 2012 - Sea, Sun, Drum and Fun, Binnentuin Spinoza, Nijmegen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. CV op hirer Websäit.