Rusty Boys
Rusty Boys ass e lëtzebuergesche Spillfilm vum Andy Bausch, deen de 25. Januar 2017 an de Kinoen erauskoum.
Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]
Véier eeler Hären hunn es genuch, sech vun anere soen ze loossen, wat dat bescht fir si wier, an decidéieren, eng autonom Wunngemeinschaft ze grënnen.
Mä dat ass méi einfach gesot wéi gemaach, well et feelt u Suen, an all déi bei deene se gemengt hunn e Steen am Briet ze hunn déi gëtt et entweder scho laang net méi, oder se erënnere sech net wierklech u se, oder se sinn ze knéckeg a verschrullt fir eppes bäizeginn. An da sinn do och nach hir Kanner, déi entweder Misär maache well se selwer d'Enner net zesumme kréien, géint nei Relatioune vun hiren alen Eltere sinn oder en ale Stot un d'Tierkele bréngen. Mä absënns den Nuckes gëtt als alen 68er Protestler es net midd, um gemeinsame Plang festzehalen. En huet et just mam Häerz, mee och dat mécht en net ëm en Auswee verleeën, a sou zéie seng dräi Kolleege weider mat um dacks bossegen a laange Wee an d'Autonomie.
Soss[änneren | Quelltext änneren]
De Film koum och an enger op däitsch synchroniséierter Versioun an Däitschland eraus. Zu Lëtzebuerg gouf e vun am Ganzen 21.817 Leit gesinn.[1]
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ "Le top 100 des productions et coproductions luxembourgeroises." op cna.public.lu, 12-06-2018.