Christiane Rausch
Christiane Rausch | |
---|---|
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schauspiller, Politiker, Enseignant |
Partei | déi gréng |
D'Christiane Rausch, bestuet Brassel-Rausch, gebuer ëm 1958[1], ass eng lëtzebuergesch Theater- a Filmschauspillerin, Regisseurin[2], Enseignante a Politikerin.
No hirer Première am Escher Jongelycée ass si op d'Uni gaangen an huet zéng Joer laang am Ausland gelieft. Si ass duerch en Zoufall, fir eng Roll, nees op Lëtzebuerg zeréckkomm wou si ëmmer erëm Rollen ugebuede krut, ouni datt si d'Schauspillerei geléiert hat[3].
Politik
[änneren | Quelltext änneren]D'Christiane Rausch ass zanter de Gemengewalen 2017 fir Déi Gréng am Déifferdenger Gemengerot[4] an huet do e puer Méint am Schäfferot d'Laura Pregno ersat.[5].
Den 9. Oktober 2019 gouf si, nom Récktrëtt vum Roberto Traversini, zu der neier Buergermeeschtesch vun Déifferdeng gewielt.[6] Si gouf de 25. Oktober 2019 vereedegt.[7]
D'Christiane Rausch ass och Presidentin vun déi Gréng Déifferdeng[8].
Si wunnt zanter 1988 an der Gemeng Déifferdeng, ass bestuet an huet zwee Kanner.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- Pachamama, 2018
- Rusty Boys, 2017
- Streik! (Documentaire), 2016
- Mammejong, 2015
- Die Erfindung der Liebe, 2013
- D'Fifties zu Lëtzebuerg (Documentaire), 2013
- Tabu - Es ist die Seele ein Fremdes auf Erden, 2011
- Trouble No More, 2010
- Nuits d'Arabie, 2007
- Perl oder Pica, 2006
- Le club des chômeurs, 2003
- Black Dju, 1996
- Three Shake-a-leg Steps to Heaven, 1993
Kuerzfilmer
[änneren | Quelltext änneren]- The Heat Wave, 2015
- Roxy, 2015
Tëlee-Serien
[änneren | Quelltext änneren]- Ready Set Action (Documentaire), 2018
Theaterstécker (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Guy Rewenig, Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen, 2018
- Guy Rewenig, Déi si jo mëll, 2018
- Guy Rewenig, Comment blanchir les bêtes noires sans les faire rougir, 2017
- Eugène Ionesco, Rhinocéros (Regie: Frank Hoffmann)[9], 2016
- Guy Rewenig, Zuppermänner, 2015/2016
- Saverio La Ruina, La Vortement, 2011
- Sam Shepard, True West, 2008
- William Shakespeare, Hamlet (Regie: Frank Hoffmann), 2005[2]
- Thomas Bernhard, Der Theatermacher (Regie: Frank Hoffmann), 2003[2]
- Heinrich von Kleist, Der zerbrochende Krug (Regie: Frank Hoffmann), 2002[2]
- Carlo Goldoni, Der Diener zweier Herren (Regie: Hansgünther Heyme), 2001[2]
- Guy Rewenig, Matzen am Wanter brennt en Äisbierg, 1984
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- an op CNA, der Websäit vum Centre national de l'audiovisuel
- Valerija Berdi, Christiane Rausch - e Portrait (Audio) op 100komma7.lu, fir d'lescht gekuckt den 19. Mäerz 2019
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Christiane Brassel-Rausch: "Der Wille zum Neuanfang ist da". wort.lu (11/10/2019). Gekuckt de(n) 13/10/19.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 Portrait - Christiane Rausch op renaissance-theater.de, fir d'lescht gekuckt den 19. Mäerz 2019
- ↑ Valerija Berdi, Christiane Rausch - e Portrait, kuckt: um Spaweck
- ↑ Info Blat - Den analytesche Bericht vun der Stad Déifferdeng Nr. 5/2017, Säit 6, als Audio-Datei op differdange.lu (fir d'lescht gekuckt de 5. Februar 21148)
- ↑ Traversini-Nachfolge: Liesch und Brassel laut RTL-Informationen im Gespräch
- ↑ Christiane Brassel-Rausch als Bürgermeisterin von Differdingen gewählt." wort.lu, 9. Oktober 2019.
- ↑ "Biissen an Déifferdeng kruten neie Buergermeeschter." rtl.lu, 25.10.2019 17:00.
- ↑ Christiane BRASSEL-RAUSCH. op deifferdeng.greng.lu. Gekuckt de(n) 24/09/2019.
- ↑ Rhinocéros – Ionesco op theatreinfo.lu, fir d'lescht gekuckt den 19. Mäerz 2019