D'Fifties zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
D'Fifties zu Lëtzebuerg
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 23. Oktober 2013
Dauer 82 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Andy Bausch
Dréibuch Andy Bausch
Fotografie Carlo Thiel
Musek Pascal Schumacher
Schnëtt Misch Bervard & Andy Bausch
Dekoren Fräntz Dickes
Produzent David Grumbach (Juliette Films) & Paul Thilges (Paul Thiltges Distributions)
Schauspiller
Nilton Martins
Claire Thill
Christiane Rausch
Gilles Soeder
Will Aust
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

D'Fifties zu Lëtzebuerg ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Andy Bausch.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film retracéiert, unhand vun Dokumenter (ë. a. Zeitungsartikelen, Amateuropnamen, Filmer vum Philippe Schneider, Fotoe vum Théo Mey, Tony Krier a Paul Aschmann) an nogespillte Zeenen, anekdotesch d'Zäit vun den 1950er Joren zu Lëtzebuerg.

Thematiséiert ginn ë. a. d'Hochzäit vum Ierfgroussherzog Jean vu Lëtzebuerg mat der Prinzessin Joséphine-Charlotte vun der Belsch, dem Robert Schuman säi Schumanplang, d'Arbed, de Kale Krich, d'Victoirë vun de Vëlossportler Bim Diederich, Jempy Schmitz, Elsy Jacobs a Charly Gaul, vum Leefer Josy Barthel a vum Turner Josy Stoffel, de Foussballclibb Alliance Diddeleng a Jeunesse Esch, d'Opkomme vum Rock'n'Roll, de Film Die Sünderin an d'Roll vun der Kierch an der Gesellschaft.

Follgend Persoune goufen interviewt:

Accueil[änneren | Quelltext änneren]

D'avant-Première vum Film war den 22. Oktober am Utopolis a Presenz vum Grand-Duc Henri an der Grand-Duchesse Maria-Teresa.[1] Den Dag duerno ass en offiziell an de Kinoen ugelaf.[2]

9.326 Leit waren den Documentaire an de Kino kucken.[3]

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

Jemp Thilges, rtl.lu:[4]

De Film dauert knackeg 82 Minutten, et ameséiert een sech, et verdréckt een och mol eng nostalgesch Tréin a virun allem flucht een, wann de Film eriwwer ass, well et hätt ee sécher gär nach méi vun deemools erëmgesinn.

Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land:[5]

Le film, grâce à son montage très rapide (par Misch Bervard et Andy Bausch lui-même), à sa musique entraînante composée par Pascal Schumacher et au grand nombre de sujets abordés par une variété d'intervenants est certes divertissant. Mais il manque aussi d'angle clair et de profondeur.

Viviane Thill, Forum[6]

Le film est ainsi un assemblage (assez disparate, plus d'une fois on y saute du coq à l'âne) d'anecdotes, d'avis personnels, de déclarations parfois hâtives jetées en pâture au spectateur, souvent incompréhensibles pour le non-initié. [S]ur les enjeux, les spécificités et l'impact des années 50, ce documentaire écrit et monté à la va-vite ne nous aura rien appris.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. wort.lu: Großherzogliches Paar bei Fifties-Premiere (23. Oktober 2013)
  2. Fiche op utopolis.lu.
  3. alta.lu: Box-office luxembourgeois officiel des productions et coproductions luxembourgeoises, Zuele vum CNA vun 2018
  4. rtl.lu: D'FIFTIES ZU LËTZEBUERG vum Andy Bausch (26. November 2021)
  5. land.lu: Don Camillo et les Demi-sel vum Josée Hansen (8. November 2013)
  6. « Alles Nullekackerten », Viviane Thill in Forum Nr 336, Januar 2014, Säiten 42-44