Tony Krier

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat mam Fotograf a Journalist Antoine "Tony" Krier. Fir de Gewerkschaftler a Politiker ("Kréiesch Tunn"), kuckt wgl. Antoine Krier.
Tony Krier
Gebuer 21. Juli 1906
Hamm
Gestuerwen 22. September 1994
Houwald
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf

Den Antoine (Tony) Krier, gebuer den 21. Juli 1906 zu Hamm a gestuerwen den 22. September 1994 um Houwald, war e lëtzebuergesche Fotograf a Journalist.

Hie war Hafffotograf, huet fir d'Luxemburger Wort geschafft a Fotosbicher publizéiert. Seng Sujete waren nieft Portraiten och Landschaftsopnamen. Bekannt sinn och seng direkt nom Zweete Weltkrich publizéiert zwee Bicher Luxembourg Martyr 1940 1945, wouran ë. a. déi an der Ardennenoffensiv zerstéiert Dierfer androcksvoll dokumentéiert sinn.

Wéi d'Héich Autoritéit vun der CECA sech 1952 zu Lëtzebuerg néiergelooss huet, war hie mam Théo Mey ee vun den aktiivste fräiberuffleche Fotografen. Seng Biller vun där Zäit sinn an alle grousse Fotothéiken erhale bliwwen.

Seng ronn 400.000 Fotoe sinn an der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg archivéiert.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Jorhonnertfeier 1939 am Bild.
  • Mam Pierre Hentges a Joseph Kanivé (Texter), 1945. Luxembourg Martyr 1940-1945. 2 Bänn.
  • Le Souverain et son peuple (1965).
  • Mam Jemmy Koltz, 1975. Les châteaux historiques du Luxembourg.
  • La vie d'une grande dame. 1986.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. IN UNSERER REPORTAGE VON POL ASCHMAN „GIELERCHER“ op der Säit 3 vum Luxemburger Wort vum 17. Juli 1973 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022