Jean-Pierre Koltz

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jemmy Koltz)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Historiker Jean-Pierre ("Jemmy") Koltz. Fir de Botaniker, kuckt wgl. Jean-Pierre-Joseph Koltz.
Jean-Pierre Koltz
Gebuer 27. Mee 1909
Gestuerwen 6. Februar 1989
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker
Buste vum Jemmy Koltz am Veianer Schlass

De Jean-Pierre ("Jemmy") Koltz, gebuer de 27. Mee 1909 zu Frankfurt am Main a gestuerwen de 6. Februar 1989 an der Stad Lëtzebuerg), war e lëtzebuergeschen Ingénieur technicien an Historiker.

Dem Jemmy Koltz säin Haaptfuerschungsthema a seng Passioun war d'Baugeschicht vun der Festung Lëtzebuerg. Hien huet dofir d'Archiver an d'Pläng studéiert, déi doruechter an Europa, ë. a. an den Haaptstied vun deenen, déi eng Zäit laang Här a Meeschter an der Festung waren, verspreet sinn. Hien huet Deeler vun de Kasematten sou an d'Rei sëtze gelooss, datt se vum Public kënne besicht ginn.

De Jemmy Koltz war President vum Syndicat d'Initiative vun der Stad Lëtzebuerg a vun der Commission des sites et monuments nationaux. Säin Asaz huet och der Restauratioun vu verschiddene Buergen a Schlässer gegollt, besonnesch dem Deel-Neesopbau vum Veianer Schlass, dat zanter dem 19. Joerhonnert eng Ruin war. Hie war den éischte Vizepresident vun de Frënn vum Veiner Schlooss.

Hien huet eng Hellewull Aarbechten iwwer d'Festung Lëtzebuerg a Buergen a Schlässer publizéiert, war Korrespondent vun der Noriichten-Agence Belga a journalistesch aktiv wéi déi Héich Autoritéit vun der CECA 1952 zu Lëtzebuerg mat hirer Aarbecht ugefaangen huet.

Säi Grousspapp war de Botaniker Jean-Pierre-Joseph Koltz.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

(Auswiel)

  • Les travaux de Vauban à Luxembourg. In: Luxembourg et Vauban: exposition organisée à la Villa Vauban du 27 novembre au 23 décembre 1984.
  • Die geschichtlichen Verbindungen zwischen Luxemburg und Trier. In: Jahrbuch/ Kreis Trier-Saarburg, 1981-1983.
  • Das "Castell". Heimat und Mission Jg. 53 (1979), n° 1/2: 16-20, 28. Clairefontaine.
  • Les châteaux historiques du Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul, 1975, 231 S. BnL Cote: LA 15646
  • Burgen in Luxemburg, 1974.
  • Baugeschichte der Stadt und Festung Luxemburg, 1967-1972.
  • Nouvelle monographie du Château-palais de Vianden, 1972.
  • Étude sur l'histoire de l'industrie du fer et sur le marché commun du charbon et de l'acier dans le bassin mosellan: publiée à l'occasion de l'inauguration du Port de Mertert,1966.
  • Luxembourg, Ville millénaire, 1963.
  • Rückblick auf die Entwicklung des Coiffeur-Gewerbes, 1952
  • Die Archive der Festung Luxemburg: (Mit grossem Lageplan): Band 1: Wien, Berlin, Luxemburg, Frankfurt, 1934

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Pierre Kunnert: Bibliographie Jean-Pierre Koltz. In: Châteaux-forts, Ville et Forteresse - Contribitions à l'histoire luxembourgeoise en hommage à J.P. Koltz; erausgi vun den Amis de l'Histoire, Lëtzebuerg, a vu Jeunes et Patrimoine, Lëtzebuerg; 1986; S.247-263.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Distinctions honorifiques à l'Ambassade des Pays-Bas. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (8. Mäerz 1974). Gekuckt de(n) 2023-01-22.