Gaston Vogel
Gaston Vogel | |
---|---|
Gebuer |
9. Oktober 1937 Walfer |
Gestuerwen |
2. November 2024 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Jurist, Affekot, Juristesche Schrëftsteller |
De Gaston Vogel, gebuer den 9. Oktober 1937 zu Walfer, a gestuerwen den 2. November 2024 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Affekot an Auteur vu Bicher, kriteschen Essaien a Stellungnamen déi national a Pressemedien, audiovisuelle Medien an och der méi rezenter Lëtzebuerger Blogosphär[2] publizéiert goufen oder do Verbreedung fonnt hunn.
Hie war a senger Zäit als Affekot als „Maître Vogel“ an am Volleksmond och als „Vulle Gast“ bekannt[3].
Hien ass inhaltlech bekannt fir seng kritesch Aussoen a Stellungname géintiwwer der Kierch an der Monarchie, souwéi zu politesche Problemer (z. B. Affär Bommeleeër an den Europäesche Referendum). A sengem Buch „Pour Jésus, le Parent pauvre du Christianisme“ huet hien 1989 d'Verhale vun der kathoulescher Kierch am Hibléck op Kricher, Fräiheeten, Fraen, Minoritéiten a Judden ënner d'Lupp geholl.[4]
Säi Stil beim Schwätzen a Schreiwen war markéiert duerch seng „defteg“ Sprooch, déi sträppweis zur Koprolalie hin tendéiert huet[5], grad wéi och säin iwwerméissege Gebrauch vu franséische Wierder a Phrasen[6].
De gréissten Afloss op säi Liewen haten Asien an d'Literatur; de Gaston Vogel huet sech selwer als Republikaner[7], als „absolutten Nietzscheaner“ an och als Agnostiker bezeechent[8]. Dësen Hang zum Agnostizismus gëtt ganz däitlech am Virwuert vu sengem Buch „Le Bouddhisme, Ni Dieu Ni Âme“, dat 1998 erauskomm ass[4]. Och dem Nietzsche hat hien am Jubiläumsjoer 2000 e Buch gewidmet.
An der Ëffentlechkeet hat hien de Ruff vun engem „enfant terrible“, wat hien zum Deel och selwer ugestëppelt huet a wat e genoss huet. Leit, déi him méi no stoungen, schwätzen awer vun engem déifgrënnege Mënsch, dee méi Facetten hat[9][10][4]. Obwuel de Gaston Vogel sech selwer ëmmer als „homme de gauche“ (awer ausdrécklech net als Sozialist[7]) bezeechent huet, weisen aner Stëmmen drop hin, datt hien am leschten Deel vu sengem Liewe reaktionär gouf. Dëst hätt sech ënner anerem gewisen a senge klimawandel-skepteschen an transfeindleche Stellungnamen, a wier 2015 am Toun vu senger ëffentlecher Interventioun géint rumänesch Heescherten an der Stad ganz däitlech ginn[2]. A sengem leschte groussen Interview, sot hien datt dee Politiker, deen hien am meeschte bewonnere géif, de Fidel Castro wier[7].
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Dem Gaston Vogel säi Papp war e Latinist a Kenner vun der algriichescher Philologie; hie war dat eenzegt Kand vun der Koppel[8].
Säi Secondaire huet hien am Kolléisch gemaach, wou hie sech besonnesch fir franséisch Literatur an al Sproochen intresséiert huet.[8].
Am Joer 1958 huet hien den Exame vun de Cours supérieurs gemaach an huet dono Droit a Kriminologie zu Nanzeg studéiert[8]. A senge méi jonke Joren hat hien an den 1960er géint de Krich am Vietnam protestéiert[11], dëst am Kontext vun der ASSOSS: ënner anerem huet hie Riede gehalen, Konferenzen organiséiert a Gäscht aus dem Vietnam empfaangen[10]. Hien war de Grënner vum Comité Vietnam-Luxembourg[2].
Hie gouf 9 Méint bei d'Arméi agezunn, wou hien an der Artillerie agesat gouf; well hie selwer kee Militarist war, gouf hien als ze vill geféierlech ageschat fir an engem Büro vun der Arméi beschäftegt ze ginn[6]. De Vogel huet an engem Interview méi spéit och selwer zouginn, datt hie wéinst sengem Charakter nimools hätt kéinte mat Büroskolleegen eens ginn[2][7].
Vun 1962 u war hien um Barreau als Affekot ageschriwwen[11].
Am Joer 1978 gouf hie President vum Centre Pouchkine, engem Kulturzenter dee vun der Sowjetunioun finanzéiert gouf[2].
No bal dräi Joerzéngten, an deenen de Gaston Vogel Mataarbechter vum Affekot Robert Krieps war, gouf 1990 zur Grënnung vun der Etüd Vogel[12], déi mat der Zäit eng grouss Renommée krut. De Krieps gëtt als déi eenzeg Persoun ugesinn, vun där de Vogel sech zësse gelooss huet[2].
Als Privatmënsch[13] war hie faszinéiert vun Asien, wuer hien iwwer 30 Reese gemaach huet[11][4]. Am Joer 2010 gouf säi Reesbericht mat eegene Fotoen ënner dem Titel „Au pays de Jade: souvenirs d'un voyage en Asie profonde, suivis d'un florilège d'objets de prestige“ publizéiert[4]. Hien huet och Mineraler gesammelt[8].
De Gaston Vogel huet sech bis zum Enn vu sengem Liewen net an d'Pensioun zeréckgezunn a war weider an der Ëffentlechkeet. Wann hien net bei RTL Lëtzebuerg Schlagzeile gemaach huet, war hien iwwer d'Joren ëmmer erëm present an der Lëtzebuerger Blogosphär, an de Kanäl vu fréieren RTL-Journaliste wéi dem Guy Kayser an dem Bas Schagen[2].
Literarescht Wierk[14]
[änneren | Quelltext änneren]Dem Gaston Vogel säi Wierk als Auteur léisst sech an e puer grouss Beräicher opdeelen.
Als Affekot, am Kader vu senger Professioun:
- Fachwierker iwwer spezifesch Aspekter vum Droit zu Lëtzebuerg
- Wierker, déi sech kritesch mam Justizwiesen zu Lëtzebuerg auserneesetzen
Als Privatgeléierten:
- Wierker iwwer Literaten, déi hie veréiert huet (Nietzsche, Proust)
- Kritesch Wierker iwwer d'Reliounen (besonnesch Chrëschtentum a Buddhismus)
- Wierker iwwer seng Faszinatioun fir déi asiatesch Kulturen a Geschicht
De Vogel war och e fläissege Verfaasser vu Lieserbréiwer a Meenungsartikelen, déi ëmmer erëm op den Online-Säite vun rtl.lu, op deene vum pensionéierte Journalist Guy Kayser oder op senger eegener Internetpresenz vogel.lu ze liese waren.
Ëffentlech Stellungnamen a Kontroversen
[änneren | Quelltext änneren]Nach als Schüler hat de Gaston Vogel en éischten, gréisseren Eclat, wéi hien 1957 beim Staatsbesuch vum deemolege franséische President René Coty[15] beim Palais a Presenz vun der Groussherzogin Charlotte „Vive la République!“ geruff huet. Hie gouf dofir vun der Police festgeholl a war ëm en Hoer wéinst dësem „staatsfeindlichen Akt“ net fir de Premières-Examen zougelooss ginn[10].
Am Joer 1964, als jonken Affekot, huet hie refuséiert an engem Prozess unzefänken ze plaidéieren, well eng Persoun amgaang war e Roman ze liesen. Hien gouf esou rosen, datt hie mat enger Bänk no där Persoun geworf huet. Dësen Incident hat awer keng gréisser Konsequenze fir de weidere Verlaf vu senger Karriär.[6]
Bei engem Sträitgespréich op der Tëlee am Joer 2005 iwwer de Referendum iwwer déi nei EU-Verfassung, ass den Affekot Vogel verbal besonnesch haart mam deemolegen Ausseminister Jean Asselborn ëmgaangen, dee fir déi nei Verfassung plaidéiert huet.[16]
Am Joer 2008 hat de Groussherzog sech aus moralesche Grënn geweigert, d'Euthanasie-Gesetz z'ënnerschreiwen, wat zu enger konstitutioneller Kris a méi spéit zu enger Ännerung vun der Lëtzebuerger Verfassung gefouert huet[17]. Den Affekot Vogel huet dës Verweigerung ëffentlech als "No-go" bezeechent.[11]
Am Oktober 2012 huet hien an engem oppene Bréif un de Premierminister Jean-Claude Juncker géint d'Staatsdepensë fir d'Hochzäit vum Ierfgroussherzog Guillaume mat der Gräfin Stéphanie de Lannoy protestéiert an d'Grënnung vun enger republikanescher Partei an Aussiicht gestallt.[18],[19]. Hien huet dës Hochzäit als "Non-Event" bezeechent, en engleschen Ausdrock deen dono sollt zu Lëtzebuerg an de politesche Sproochgebrauch iwwergoen.
Am Bommeleeërprozess tëscht Februar 2013 a Juli 2014 huet hien ee vun den zwéin Ugeklote vertrueden, d'Maître Lydie Lorang deen aneren. No engem ëffentleche Kommentar iwwer d'Aussoe vum Zeie Charles Hoffmann gouf hie vun deem wéinst Verleumdung verklot, gouf awer den 22. Dezember 2014 fräigesprach.[20]
Am Joer 2015 huet de Gaston Vogel e Bréif un d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer geschriwwen, an deem hie sech an enger drastescher Sprooch iwwer d'Heescherten an der Stater Groussgaass beschwéiert huet.[21] Dëse Bréif huet him duerch seng Ëffentlechkeet (Publikatioun bei RTL a beim Journal[2]) eng Geriichtsaffär wéinst Opruff zum Haass abruecht. Hien gouf an där Affär vun senge Affekotekolleegen François Prüm a Lydie Lorang verdeedegt[10]. 2023 gouf hien dovu fräigesprach.[22]
Kuerz viru sengem Doud hat de Gaston Vogel sech den 30. September 2024 nom Besuch vum Poopst Franciscus zu Lëtzebuerg nach eemol an engem oppene Bréif un de Groussherzog adresséiert[23]; hien huet de Staatschef gefrot, firwat hien dës Geleeënheet net genotzt hat, fir de Chef vun der Kierch ëm eng Verzeiung ze bieden, dofir datt d'Kierch de Philosoph Giordano Bruno am Joer 1600 bei Roum lieweg verbrannt hat, well deen aner Usiichte vertrueden huet wéi déi vum Vatikan.[4]
Auszeechnungen an Unerkennung
[änneren | Quelltext änneren]D'Redaktioun vum Charlie Hebdo war esou begeeschtert vum Gaston Vogel sengem Buchprojet "La Vie des Saints" (1999), datt si sech bereet erkläert huet, Illustratioune bäizesteieren[7].
D'Fotoen, besonnesch Portraiten, déi de Vogel op sengen Asien-Reese selwer gemaach huet, an déi hien ënner anerem am Buch „Au pays de Jade“ (2010) benotzt huet, kruten eng ganz positiv Resonanz[4].
Zur Zäit vum Ufank vum Bommeleeërprozess am Joer 2013, gouf de Gaston Vogel (sou wéi och d'Riichterin Sylvie Conter) mat der Auszeechnung "Lëtzebuerger vum Joer" geéiert.[11]
Trivia
[änneren | Quelltext änneren]Dem Serge Tonnar seng éischt Band huet am Gaston Vogel sengem Keller geprouft, an deem säi Jong war de Batteur. Den Tonnar verzielt, de Vogel hätt d'Band nëmmen eemol do besicht a just gesot: „'t gëtt e laange Wanter“.[24]
Bicher (Selektioun)
[änneren | Quelltext änneren]- Pour Jésus,le parent pauvre du christianisme, à l'occasion de son prochain deux millième anniversaire, 1989, Éditions Kremer-Muller, Féiz. Mat engem Virwuert vum Nic Klecker a Kommentare vum Robert Krieps. ISBN 2-87970-000-0
- Le Bouddhisme, ni dieu ni âme, Editions 1998, Editions Phi, 174 Säiten ISBN 2-87962-080-5
- La vie des Saints, 1999 158 Säiten, ISBN 2-912487-31-5
- Le pâturage. L'an deux mille. Contribution à l'histoire du christianisme, 1999, Éditions PHI; 389 Säiten, ISBN 2-87962-092-9
- Pour Nietzsche, à l'occasion du 100ième anniversaire de sa mort, 2000, Éditions PHI; 108 Säiten, ISBN 2-87962-117-8
- Le nouveau droit de la presse au Grand-Duché de Luxembourg, 2004, Edition Promoculture, 257 Säiten, ISBN 2-87974-060-6
- Droit de la construction, 2007, 241 S.
- Droit du travail, 2007
- Dans la tourmente judiciaire de 1962 à ce jour. Grandeurs et misères dans le temple de Thémis, 2010, Éditions Guy Binsfeld, ISBN 978-2-87954-229-4
- Intra muros - Grandeur et turpitudes au Temple de Thémis (mat der Affär Bommeleeër); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2023; 218 Säiten. ISBN 978-99959-42-96-0
- Au pays du Jade - Souvenirs d'un voyage en Asie profonde, suivis d'un florilège d'objets de prestige, mat ville Fotoen, déi den Auteur selwer am chineeseschen Turkestan geholl huet, Verlag Apophis, Stad Lëtzebuerg, 2010, 275 S., ISBN 978-99959-609-8-8
- L'essence précieuse dans l'oeuvre de Marcel Proust ; 2011; 250 Säiten. ISBN 978-99959-609-9-5
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Thomas, Bernard, 2024. L'enfant terrible. Portrait posthume de Gaston Vogel (1937-2024). Land vum 8. November 2024, S. 9.
- Romain Durlet, Nouvelle publication: "L'essence précieuse dans l'oeuvre de Marcel Proust" de Gaston Vogel - « Nous vivons dans un Sahara intellectuel » ; in: Tageblatt, Ausgab vum 11. Mäerz 2011, S. 15.
- (Gespréich mam Journalist Bruno Muller) «Je suis païen...» - "Pour Jésus, le parent pauvre du christianisme". Tel est le premier ouvrage écrit par Gaston Vogel. Il raconte cette première expérience qui inaugura une série d'ouvrages ; in: Le Quotidien, Ausgab vum 17 Mäerz 2011, Rubrik Ma première fois, S. 19.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Commentaire vum Me Vogel
- DNR Live Talk, 50 Minutten Interview vum Bas Schagen mam Me Vogel, 22. Abrëll 2012.
- Vogel vs. Asselborn, Europäesche Referendum vum 10. Juli 2005
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Ryck Thill: "Me Gaston Vogel am Alter vu 87 Joer gestuerwen." rtl.lu, 02.11.2024.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 2,6 2,7 Thomas, Bernard: L'enfant terrible. Portrait posthume de Gaston Vogel (1937-2024). Am Lëtzebuerger Land v. 8. November 2024, S. 9.
- ↑ (fr)Sophie Kieffer, Audience de Me Vogel : le ton fait la musique (03.10.2021). Gekuckt de(n) 05.11.2024.
- ↑ 4,0 4,1 4,2 4,3 4,4 4,5 4,6 (de)Thill, Marc, „Ich traf Gaston Vogel in Benares, der heiligen Stadt am Ganges …“. Wort.lu (7. November 2024). Gekuckt de(n) 7. November 2024.
- ↑ Ee Beispill vu villen
- ↑ 6,0 6,1 6,2 (lb)RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Maître Gaston Vogel. RTL Lëtzebuerg (12. Oktober 2021). Gekuckt de(n) 5. November 2024.
- ↑ 7,0 7,1 7,2 7,3 7,4 (fr)Gaston Vogel: « Nous sommes tous des assassins » | Interview | L'Évènement. L'Évènement (Youtube) (28. August 2024). Gekuckt de(n) 10. November 2024.
- ↑ 8,0 8,1 8,2 8,3 8,4 Kunzmann, Stefan: Anarchist und Anwalt. Begegnungen mit Maître Gaston Vogel - persönliche Erinnerungen. In: tageblatt v. 4. November 2024, S. 4-5.
- ↑ Allein sein Name war eine Drohung. Von Maximilian Richard und Steve Remesch. In: Luxemburger Wort v. 4. November 2024
- ↑ 10,0 10,1 10,2 10,3 (de)Richard, Maximilian; Kurschat, Ines; Remesch, Steve, Lydie Lorang über Gaston Vogel: „Als ob ein Teil von mir fehlen würde“. Wort.lu (4. November 2024). Gekuckt de(n) 5. November 2024.
- ↑ 11,0 11,1 11,2 11,3 11,4 (en)The iconic Gaston Vogel has passed away at age 87. RTL Today (2. November 2024). Gekuckt de(n) 5. November 2024.
- ↑ (fr)Me Gaston Vogel. Avocat à la Cour. Docteur en droit. Etude Vogel. Gekuckt de(n) 7. November 2024.
- ↑ (lb)De Me Gaston Vogel - e Personnage, dee polariséiert huet (Rediffusioun Reportage vun "De Magazin"). RTL Tëlee Lëtzebuerg. Gekuckt de(n) 6. November 2024.
- ↑ (en)https://www.a-z.lu/discovery/search?query=creator,exact,Vogel,%20Gaston,AND&tab=DiscoveryNetwork_UCV&search_scope=DN_and_CI_UCV&vid=352LUX_SPEC:BIBNET_UNION&lang=fr&mode=advanced&offset=0. www.a-z.lu. Gekuckt de(n) 2024-11-09.
- ↑ (fr)Le voyage du président Coty au Luxembourg. Les Actualités Françaises. INA / France (1957). Gekuckt de(n) 5. November 2024.
- ↑ (lb)"LuxKult", Sträitgespréich aus dem Joer 2005 Vogel - Asselborn zur EU-Verfassung. (Youtube channel) (28. Februar 2014). Gekuckt de(n) 5. November 2024.
- ↑ (fr)Rétif à légaliser l'euthanasie, le grand-duc du Luxembourg va perdre du pouvoir. Le Monde avec AFP. Gekuckt de(n) 5. November 2024.
- ↑ Tageblatt: Oppene Bréif un de Jean-Claude Juncker vum 18. Oktober 2012 (gekuckt de 4. Mäerz 2013)
- ↑ Tageblatt: Republikanische Partei für Luxemburg (18. Oktober 2012; gekuckt de 4. Mäerz 2013)
- ↑ Vertrauen in die Justiz verloren op wort.lu vum 9. Januar 2015
- ↑ (en)City takes problems with beggars seriously, says mayor. LuxTimes.lu (20/08/2015). Gekuckt de(n) 5. November 2024.
- ↑ (en)Dalesio, Emery P., Controversial Luxembourg lawyer Vogel reported dead at 87. LuxTimes.lu (3. November 2024). Gekuckt de(n) 5. November 2024.
- ↑ (fr)Vogel, Gaston, Lettre à Monseigneur le Grand-Duc à l’occasion de la visite du Pontife (30. September 2024). Gekuckt de(n) 7. November 2024.
- ↑ (de)Als Serge Tonnar mit seiner Band in Gaston Vogels Keller probte. wort.lu (9. November 2024). Gekuckt de(n) 10. November 2024.