Romain Durlet

Vu Wikipedia
Romain Durlet
De Romain Durlet 2010
Gebuer 6. Oktober 1950
Gestuerwen 28. Abrëll 2011
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Politiker

De Romain Durlet, gebuer de 6. Oktober 1950 zu Diddeleng[1], gestuerwen den 28. Abrëll 2011, war e lëtzebuergesche Journalist, Auteur a Politiker. Hien huet och ënner dem Pseudonym Romulus an de Kierzelen R.D. an rd geschriwwen.

1972 huet hien an der Redaktioun vun der lëtzebuergescher Wochenzäitschrëft Revue ugefaangen. Vun 1975 bis zu sengem Doud war hie Redakter bei der Dageszeitung Tageblatt.

Hie war vun 1987 bis 1989 a vun 1992 bis 1997 President vun der Association luxembourgeoise des journalistes.

Vun 1989 bis 1991 a vun 1998 bis 1999 war hie President vum Conseil de presse, dem lëtzebuergesche Presserot.

Als LSAP-Politiker war hie vun 2004 bis 2005 Conseiller am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.[2]

De Romain Durlet war President vun der Libre pensée luxembourgeoise, dem lëtzebuergesche Fräidenkerbond.

Hie war de Jong vum Tageblatt-Journalist an Auteur Jos Durlet (1928-2004).

Bibliographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • zyklus. Gedichtband, 1972
  • mittags um halb eins - momentaufnahmen, 1980
  • maulkorb 1980. gedichte - texte - illustrationen, 1981
  • schuldig - 14 Luxemburger Assisenprozesse aus den Jahren 1871-1880, zusammengestellt auf Grund der Gerichtsakten, 1988
  • Kinder Gottes - Kindestötungen und andere Verbrechen zusammengestellt auf Grund der Gerichtsakten aus den 1870-1880, 1989
  • Kain, wo ist dein Bruder Abel - Gewaltverbrechen, zusammengestellt auf Grund der Gerichtsakten aus den Jahren 1880-1890, 1991
  • Morgenröte - Episoden aus den Jahren 1968-1971, 1992
  • Der Fall Olivier: Akte Alain Sibillia, 1993
  • im schatten des kreuzes, 1995, Polyprint s.a. 173 S.
  • abgetrieben...: "Die Engelmacherinnen" und andere Kriminalprozesse um die Jahrhundertwende, 1996
  • Schwarzbuch zur Trennung von Kirche und Staat, 1997
  • § 106: das antiklerikale Manifest, 1999
  • Dessous... 30 Jahre Journalismus - Prinzipielles, Erlebtes, Anekdoten, 2003

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Sahl 2007 an der Literatur.
  2. Vereedegung vum 11. Oktober 2004, (Analytischer Bericht der Gemeinderatssitzungen, Nr 4/2004, Ville de Luxembourg, S. 5)