Friedrich Nietzsche

Vu Wikipedia
Friedrich Nietzsche
Gebuertsnumm Friedrich Wilhelm Nietzsche
Gebuer 15. Oktober 1844
Gestuerwen 25. August 1900
Weimar
Nationalitéit Kinnekräich Preisen, keng
Educatioun Universitéit Bonn,
Universitéit vu Leipzig
Aktivitéit Philosoph, Dichter, Schrëftsteller, Komponist, Pedagog, Musekskritiker

De Friedrich (Wilhelm) Nietzsche, gebuer de 15. Oktober 1844 zu Röcken bei Leipzig a gestuerwen de 25. August 1900 zu Weimar, war en däitsche Philosoph a klassesche Philolog.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Fir dem Nietzsche säi relativ kuerzt Liewen an och säi Wierk z'ëmräissen, muss e wëssen, dat hien aus enger Famill koum, wou d'Pappen an d'Grousspappe schonn an der fënnefter Generatioun lutheresch Paschtéier waren an datt déi meescht vun hinnen och nach mat Paschtoueschmeedercher bestuet waren. Dem Nietzsche säi Papp, de Carl Ludwig Nietzsche, war sengem Papp 1842 als Paschtouer zu Röcken, wou d'Franziska Nietzsche-Oeler hire Bouf krut, nogeretscht. Seng Kandheet huet de jonke Nietzsche an enger Groussfamill verbruecht, wou och d'Bomi an de Bopi gewunnt hunn. Hie gouf an enger Ëmwelt grouss, déi vu Frëmmegkeet, Kierchegesank, Uergelsmusek, Klackelauden an dem äifrege Liese vun däitscher Literatur erfëllt war. Seng Leit ware begeeschtert Unhänger vum preisesche Regime, wat och de Grond war, datt säi Papp den Éischtgebuerene nom preisesche Kinnek, dem Friedrich Wilhelm IV., genannt huet, deen zoufällegerweis och nach de 15. Oktober Gebuertsdag hat. Des Begeeschterung huet sech och op de jonke Nietzsche iwwerdroen. Spéider huet hie säin zweete Virnumm awer ofgeluecht.

1846 koum seng Schwëster Elisabeth op d'Welt an 1848 säi Brudder, deen awer scho mat 2 Joer 1850 gestuerwen ass. Sengem Papp säin Doud am Joer 1849 – hien ass un enger Gehierkrankheet gestuerwen - hat de fënnefjärege Bouf staark markéiert. Hien huet dodran e geheimnisvollt Evenement gesinn, dat sech spéider un him selwer widderhuele géif. "Mein Vater starb mit sechsunddreissig Jahren: er war zart, liebenswürdig und morbid, wie ein nur zum Vorübergehn bestimmtes Wesen, - eher eine gütige Erinnerung an das Leben, als das Lebe selbst. Im gleichen Jahre, wo sein Leben abwärts gieng, gieng auch das meine abwärts: im sechsunddreissigste Lebensjahre kam ich auf den niedrigsten Punkt meiner Vitalität, - ich lebte noch, doch ohne drei Schritt weit vor mich zu sehn".[1]. Am Summer 1888 huet de Nietzsche scho fest mat sengem Doud gerechent.

Nodeem och säi Brudder 1850 gestuerwe war, ass seng Mamm mat de Kanner op Naumburg an der Saale geplënnert, wou si op d'Ënnerstetzung vun der Famill ziele konnt. Do huet den Nietzsche och d'Primärschoul gemaach an e puer Joer um „Domgymnasium“ studéiert, ier hien an déi renomméiert Landesschule Pforta koum, wou hien eng grëndlech Ausbildung krut a seng Schoulmeeschtere mat sengem aussegewéinlechen Talent fir klassesch Sproochen a sengem Wëssen iwwer déi däitsch Literatur iwwerzeegt huet. An där Schoul huet hie mam Wilhelm Pinder a Gustav Krug e klenge „museschen Zierkel“ gegrënnt. Hien huet komponéiert, Gedichter geschriwwen a seng éischt literaresch Ofhandlunge verfaasst . 1862 schreift hie mat 18 Joer e Schoulaufsatz iwwer „Fatum und Geschichte“, „der sich heute wie eine ahnungsvolle Vorbemerkung zum späteren Denken liest“[2].

Studium[änneren | Quelltext änneren]

Nietzsche
Den Nietzsche als Artillerist, 1868

De Nietzsche war physesch kee ganz stabille Kärel a schonn deemools si bei him déi éischt Symptomer vun enger net genee definéierbarer Krankheet opgedaucht, déi säin deemolege Schouldokter, am Hibléck um Nietzsche säi Papp, als méiglecherweis ierflech bezeechent huet. Den Nietzsche hat dacks staarke Kappwéi, huet keen hellt Liicht verdroen a war och scho mat Moreizunge geplot. Den Dokter huet och en opfaalend stierksege Bléck festgestallt, deen en awer deelweis um Nietzsche seng Kuurzsiichtegkeet zeréckgefouert huet.

1864 mécht hie säin Abitur mat Auszeechnung a geet duerno op Bonn, wou hien op der Universitéit nach d'Wantersemester besicht a klassesch Philologie an Theologie studéiert. Wéi hien nom éischte Semester senger Mamm gesot huet, datt hien am léifste géif den Theologiestudium ofbriechen, koum et zu engem schwéiere Konflikt, mä seng Entscheedung stoung fest. Fir dat nächst Wantersemester 1865/66 goung hien op Leipzig, wou hien ënner anerem beim Friedrich Wilhelm Ritschl léiert an am Januar 1866 seng éischt Semesteraarbecht ofliwwert. Säin Dozent war därmoosse begeeschtert a voller Luef, datt hien den Nietzsche definitiv fir eng Universitéitslafbunn motivéiere konnt. An den nächste Semestere liwwert hien nach aner philologesch Aarbechten of. Fir seng Ofhandlung iwwer de Philosophiehistoriker Diogenes Laertius gëtt hie mat engem Präis ausgezeechent a scho fréi a Fachkreesser bekannt. Trotz sengem Succès war hie sech senger Bestemmung fir d'Philologie nach net sécher. Hien hat nach Iddie fir eng philosophesch Dissertatioun am Zesummenhank mam Immanuel Kant (1724–1804), a war sech och nach net am Kloren, op hien net awer sollt an d'Fach vun der Chimie wiesselen. Säin Interessi fir d'griichesch Philologie war och nach waakreg, mä et sollt alles anescht kommen.

Tëschenduerch war hien zu Leipzig scho mat Hëllef vun engem Frënd dem Richard Wagner, deen deemools inkognito an der Stad war, virgestallt ginn. An engem Bréif u säi Frend Erwin Rohde[3]. erzielt den Nietzsche in extenso an op eng erfrëschend Aart a Weis, wéi et zu där Entrevue mam Wagner koum a wéi hie mat him iwwer den Schopenhauer geschwat huet "… hatte ich ein längeres Gespräch mit ihm über Schopenhauer: ach, und Du begreifst es, welcher Genuß es für mich war, ihn mit ganz unbeschreiblicher Wärme von ihm reden zu hören, was er ihm verdanke, wie er der einzige Philosoph sei, der das Wesen der Musik erkannt habe …"

De Nietzsche war vum Wagner sengem ganze Wiesen an och vu senger Musek héich begeeschtert.

Klengen Nietzsche-Kapp, Zeechnung vum Hans Olde op Basis vun der Fotoserie Der kranke Nietzsche, 1899

1869 deelt de Ritschl him mat, dat hien – den Nietzsche – och ouni Promotioun an Habilitatioun d'Aussiicht hätt, als Professer fir klassesch Philologie op d'Universitéit zu Basel beruff ze ginn. Säin Dozent hat zu Basel säi ganzen Afloss agesat an de jonke Nietzsche mat groussem Luef recommandéiert. D'Baseler Fakultéit an och d'kantonaalt Erzéiungsamt sinn dem Ritschl senger Recommandatioun gefollegt an den 13. Februar 1869 gëtt den Nietzsche, deen deemools just 24 Joer hat, vun de Studente zum ausseruerdentleche Professer ernannt. Nach ier hie säin éischten Optrëtt als Professer hat, huet hie spontan de Wagner besicht, deen zu Tripschen bei Luzern gewunnt huet, eng knapps Zuchstonn vu Basel ewech. Bei dem symboleschen Untrëttsbesuch sollt et net bleiwen.

Den 28. Mee hält hie seng éischt Virliesung iwwer den „Homer und die Klassische Philologie“.

Hie war e strenge Kritiker vun der chrëschtlecher Moral, dem Utilitarismus, dem däitschen Idealismus, der däitscher Romantik an der Moderne am Allgemengen. Säi wuel bekanntst Zitat ass "Gott ass dout" ("Gott ist tot").

Säin Denken[änneren | Quelltext änneren]

Friedrich Nietzsche
De Friedrich Nietzsche. Molerei vum Edvard Munch (1906)

Wat d'selwecht ass, kënnt erëm[änneren | Quelltext änneren]

Dës Iddi kënnt fir d'éischt an dem Nietzsche sengem Buch Die fröhliche Wissenschaft vir, a gëtt am kräftegsten am Also sprach Zarathustra explizéiert.

D'Iddi ass, datt alles wat geschitt schonn eng Kéier geschitt ass, an an dësem éiwegen Zyklus ëmmer wäert erëmkommen. Sou soll ee säi Liewe sou liewen, datt een et ëmmer erëm géif d'selwecht wëllen erliewen.

Den Iwwermënsch[änneren | Quelltext änneren]

Fir den Iwwermënsch ass de Mënsch vun haut, sou eppes wéi fir de Mënsch d'Afen. Den Iwwermënsch, wéi den Nietzsche e beschreift, ass ee weiderentwéckelte Mënsch, een deen allem "jenseitegem" ofgesoot huet, also een dee nëmmi un déi momentan Wäert- a Moralvirstellunge gebonnen ass. Demno ass den Iwwermënsch och den Iwwerwanner vum Nihilismus. De Nietzsche seet iwwer den Iwwermënsch, datt hien de "Schaffende Mënsch" ass, also een dee sech seng Wäerter selwer nei erschaaft. Hie representéiert och ee gesteigert Mooss un Liewenskraaft. Den Iwwermënsch beim Nietzsche ass net ee vun enger bestëmmter "Rass" oder ethnescher Grupp, wéi dat z. B. vun den Nazien interpretéiert gouf, mä och net eng Aart nei Spezies, éischter een deen dem Nietzsche seng Idealvirstellung vun engem Mënsch trëfft. Ze soen, den Iwwermënsch misst Member vun enger bestëmmter reliéiser Glawensrichtung sinn, ass paradox, well den Iwwermënsch net un sou Glawensrichtunge gebonnen ass. Kengesfalls ass den Iwwermënsch méi schéin, staark oder intelligent, etc.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Volker Gerhadt - Friedrich Nietzsche - C.H. Beck 2006
  • Bertrand Russel - Denker des Abendlandes - Belzer/Gondrom 2005
  • Renate Reschke - Philosophen - Metzler 2004
  • Europäische Philosophie der Gegenwart - Franke 1947
  • Enrico Müller - Lindlers Literaturlexikon
  • Karl-Dieter Ulke - Vorbilder im Denken - Kösel 1989

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Friedrich Nietzsche – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. [1] Ecce Homo
  2. Volker Gerhardt – Friedrich Nietzsche 34ff
  3. [2] Briefe an Erwin Rohde