Agnostizismus

Vu Wikipedia
Dëse Philosophiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Begrëff Agnostizismus (v. griich.: a-gnoein - net wëssen) gëtt mat zwou verschiddene Bedeitungen associéiert. Éischtens bezeechent dee Begrëff déi philosophesch an theologesch Usicht, datt d'Existenz oder d'Net-Existenz vun engem Gott (respektiv Gëtter) entweeder onbekannt oder grondsätzlech net erkennbar ass. An anere Wieder, d'Existenz vun engem oder méi Gëtter ass weeder beweisbar, nach ze widderleeën. Dowéinst refuséieren d'Agnostiker, sech kloer zum Glawen un d'Existenz vun engem Gott ze bekennen. Mä am Géigesaz zum Atheismus schléisst den Agnostizismus d'Méiglechkeet, datt et awer e Gott kéint ginn, net aus.

Zweetens bezeechent de Begrëff Agnostizismus erkenntnestheoreetesch Léieren, déi d'Erkennbarkeet vun der Welt am grousse Ganzen oder a wichtege Beräicher bezweifelen.